arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden: “Mat Kompromësser Resultater erreechen”

Reunioun mat de Sozialpartner

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Luc Frieden: “Mat Kompromësser Resultater erreechen”

D’Zouversiicht oder d’Hoffnung, fir Kompromësser ze fannen, war grouss um Mëttwochmëtteg am Haff vum Statsministère: Kuerz viru 15 Auer waren all d’Sozialpartner do ukomm fir eng Reunioun iwwer déi wichteg Sujete Kollektivverträg, Ouvertureszäiten am Handel, Pensiounsreform a Sonndesaarbecht.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
De Premier Luc Frieden virun der Reunioun mat de Gewerkschaften an dem Patronat  | © Jo Welfringer
De Premier Luc Frieden virun der Reunioun mat de Gewerkschaften an dem Patronat (Foto: Jo Welfringer )

Nawell ass och am Virfeld vun där wichteger Reunioun op Gewerkschaftssäit vu roude Linne geschwat ginn, wat de Patronatsvertrieder net sou gefall huet. Et wier net gutt, mat roude Linnen an esou Diskussiounen eranzegoen, sot de Michel Reckinger vun der Union des entreprises UEL. Haut sollt jidderee mol seng Meenung zu deenen eenzelne Sujete soen.

"Mir hu 6 Punkten um Ordre du jour. Mir wäerten déi 6 Punkten duerchdiskutéieren an dann hoffen, dass mir op deene 6 Punkten och anstänneg Accorde kréien."

Eng ganz aner Erwaardung hat de Romain Wolff vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP.

"Dass et eng seriö Reunioun ass, an dass eppes dobäi erauskënnt, dass anstänneg matenee geschwat gëtt an dass deen Dialog e richtegen Dialog ass an net dat, wat virdrun opgefouert ginn ass."

Fir de CGFP-President gëtt et iwwerdeems schwiereg, haut um Mëttwoch fäerdeg ze ginn, ausser d’Regierung wier mat allem d’accord.

Zeréck bei de Sozialmodell

Wat ass dem LCGB-President Patrick Dury seng Erwaardung?

"Dass mir op där enger Säit déi schlëmmst Attack op de Sozialmodell an op d’Gewerkschaften hei a Lëtzebuerg zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich op en Enn bréngen, an dass mir op där anerer Säit an deene Froe wéi d’Ëffnungszäiten, d’Sonndesaarbecht an de Pensiounen u sech an d’Richtung vu Kompromësser kommen."

De Gewerkschaftspresident sot sech verhandlungsbereet, fir haut souvill Sujete wéi méiglech vum Dësch ze kréien.

D’Nora Back vum OGBL dann erwaart sech, nees bei de Sozialmodell zeréckzefannen.

"Dass mir eng Léisung fannen op deem Problem vun de Kollektivverträg, dass mir déi Dossiere vun der Sonndesaarbecht an de Ladenöffnungszäiten, déi vun de Pensiounen, alleguer vum Dësch kréien, am beschte Fall."

Allerdéngs zitt d’Gewerkschaftspresidentin eng rout Linn a Saache Kollektivverträg.

De Premier Luc Frieden virun der Reunioun mat de Gewerkschaften an dem Patronat  | © Jo Welfringer
De Premier Luc Frieden virun der Reunioun mat de Gewerkschaften an dem Patronat (Foto: Jo Welfringer)

Luc Frieden: "Dat gehéiert zu enger lieweger Demokratie"

De Premier Luc Frieden sengersäits sot, hie wier frou, d’Sozialpartner ze gesinn.

"Et ass vill an deene leschte Woche geschwat ginn. Heiansdo méi hefteg, heiansdo méi sachlech, mee dat gehéiert zu enger lieweger Demokratie."

D’Zil vun der Reunioun wier et, an engem Geescht vu Kompromëss Resultater ze erreechen, am Intressi vum Land.

"Mir si gudder Déng, dass mir dat kënnen op eng uerdentlech Aart a Weis no vir bréngen."

D’Klacke vun der Kathedral hunn du souzesoen déi eenzel Parteien an de Reuniounssall geruff.

play_arrow Lauschteren