Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
search

/ Neikaledonien: Lokal Regierung versicht Kontroll zeréck ze kréien

Onrouen

Neikaledonien: Lokal Regierung versicht Kontroll zeréck ze kréien

An Neikaledonien huet déi lokal Regierung eng Offensiv lancéiert, fir nees d‘Kontroll ze iwwerhuelen, mat enger grousser Policeaktioun tëscht Nouméa an dem internationale Flughafen.

auto_stories

1 min

Demonstranten an Neikaledonien | © picture alliance / NurPhoto | Alain Pitton
Demonstranten an Neikaledonien (Foto: picture alliance / NurPhoto | Alain Pitton)

Zanter dem Ufank vun den Onrouen de leschte Méindeg si 6 Mënschen dobäi ëm d‘Liewe komm. Hannergrond ass eng Reform vum Walrecht, mat där d‘Separatisten net averstane sinn. Et koum an de leschten Deeg an Nuechten ëmmer nees zu Brandstëftung, brutalen Ausenanersetzungen a Blockaden.