search

/ Nei Chipkris: 85 Prozent vun der Produktioun vun IEE kéint betraff sinn

Industrie a Wirtschaft

|
headphones

6 min

headphones

5 min

play_arrow

Nei Chipkris: 85 Prozent vun der Produktioun vun IEE kéint betraff sinn

Wa fir déi nei Chipkris keng séier Léisung fonnt gëtt, da wäert et an den nächste Wochen och ee groussen Impakt op d’Produktioune vu vereenzelte Lëtzebuerger Entreprisë ginn.

headphones

6 min

headphones

5 min

play_arrow
Den Headquarter vun IEE zu Biissen | © Serge Kesseler
Den Headquarter vun IEE zu Biissen (Foto: Serge Kesseler)

Mat direkten an indirekten Effekter vun dëser Kris ass da virun allem bei Autoszouliwwerer ze rechnen, wéi zum Beispill bei der Firma IEE mat Sëtz zu Biissen.

Hannergrond vun dëser Chipkris ass de Sträit ronderëm den hollännesche Chipzouliwwerer Nexperia mam Export-Stopp vu China fir Nexperia-Produkter fir d’Autosindustrie. Dowéinst feelt et op ville Plazen un 'Halbleiterchippen'. 

Vun indirekt bis ganz direkt betraff

Den direkten Impakt vun dëser neier Chipkris op d’Betriber hei am Land wier relativ limitéiert, seet den Yves Germeaux vun der Industriellefederatioun FEDIL. Dës Kris géif nëmme relativ wéineg Entreprisen treffen, esou de Responsabele fir Handel a fir international Relatioun bei der Industriellefederatioun.

"Mee fir déi puer, déi et da betrëfft, fir déi ass den Impakt schonn extrem muss ee soen. An da kënnt och den indirekten Impakt, wann déi europäesch Automobilindustrie net méi leeft, da leeft et och net bei Zouliwwerer, déi zwar keng Chippe benotzen, awer déi d’Automobilindustrie beliwweren. An do hu mir zu Lëtzebuerg awer eng Serie vun Entreprisen, déi indirekt dorënner kéinte leiden."

IEE ass "alarméiert"

Net just indirekt, mee ganz direkt betraff wier d’Produktioun vum Lëtzebuerger Autoszouliwwerer IEE vu Biissen, deen ënner anerem op intelligent Sensorléisunge fir d’Autosindustrie spezialiséiert ass, wéi de Generaldirekter Paul Schockmel erkläert.

"Mir als IEE liwwere Produiten, déi zum gréissten Deel op Elektroniken opgebaut sinn. An dat betrëfft ganz genau 85 Prozent vun eiser Produktioun. Also mir sinn do schonn alarméiert."

Virun zwou Woche wier een als IEE op d’Problemer wéinst der neier Chipkris gestouss ginn, am Kontext vun Nexperia aus Holland.

"Wou eis Clienten eis kontaktéiert hunn, wou eigentlech déi hollännesch Regierung déi Decisioun geholl huet, an d’Gouvernance vun der Firma anzegräifen an och d’Kontroll iwwer Nexperia ze iwwerhuelen. Do sinn d’Alarmklacke bei eise Clientë gaangen, an déi hunn direkt bei eis ugeruff, an esou ass déi ganz Saach och an d’Rulle komm."

D’Clientë vun der IEE vu Biissen sinn all déi grouss europäesch, asiatesch an amerikanesch Autosproduzenten, esou de Generaldirekter Paul Schockmel. Doriwwer eraus géing ee quasi all Dag mateneen telefonéieren, fir hire Produit optimal un déi Clienten ze verdeelen, déi et aktuell am meeschte brauchen. Dobäi kënnt, datt ee sech e Stock opgebaut hätt an och e Reseau un Alternativ-Fournisseuren.

"An all déi Moossnamen elo zesumme bréngt d'Situatioun dohin, dass mir fir ee Mount elo Stocken hunn. Mee an deem Mount muss awer dann awer och eng nohalteg Léisung kommen, well soss gëtt et op eemol brenzeleg."

FEDIL: Europa muss besser virbereet sinn

D’Industrielle-Federatioun FEDIL hat sech virun annerhallwer Woch mat engem Appell un déi Lëtzebuerger Regierung geriicht, wéinst dem Risiko vu Perturbatiounen an der Liwwerkette fir 'Halbleiterchippen'. De Wirtschaftsminister Lex Delles hätt der FEDIL geäntwert, datt hien an enkem Austausch mat der EU-Kommissioun a mat sengem hollänneschen Homolog wier, esou den Yves Germeaux vun der FEDIL.

"Mee de Sujet ass am Fong vill méi allgemeng, wou mir musse kucken als Europa, méi eegestänneg ze ginn, manner ofhängeg ze ginn. Awer trotzdeem ass ee vun eise Pilieren och vun der FEDIL, oppe fir de Commerce ze sinn, an dat solle mir och bleiwen. Mee mir musse kucken, fir a spezifesche Situatioun besser virbereet ze sinn, wa Krise kommen, wa Problemer kommen a wéi mir déi kënne léisen, och am Interêt vun eisen europäesche Betriber."

Hannergrond vun der aktueller Kris ronderëm Nexperia ass den Handelssträit tëschent den USA a China. D’USA wëllen zum Beispill verhënneren, datt China bei Schlësseltechnologien ze dominant gëtt. Lëtzebuerger an europäesch Entreprisen wiere schonn Affer vun deem Handelskrich, esou den Yves Germeaux.

Paul Schockmel: Den Dialog muss geféiert ginn

Interessant am aktuelle Kontext ass, datt d’IEE vu Biissen - grad ewéi Nexperia aus Holland - och ee Besëtzer aus China huet. A béide Fäll geet et ëm strategesch Industrien, esou de Generaldirekter Paul Schockmel.

"Also d’IEE gehéiert enger chineesescher Firma, déi heescht AS-HiTech. Déi ass op der Bourse zu Shenzhen cotéiert, déi och selwer am Automobilberäich ënnerwee ass. An dat ass scho säit 2016 esou."

IEE-CEO Paul Schockmel | © Serge Kesseler
IEE-CEO Paul Schockmel (Foto: Serge Kesseler)

Presseberichter no hätten den EU-Handelskommissär an de chineeseschen Handelsminister sech scho per Videokonferenz iwwer de Fall Nexperia ausgetosch. Vun de Gespréicher tëschent béide Säite géif ee sech vill erwaarden, seet de Generaldirekter vun IEE. Et wier an der Haaptsaach jo och e politesche Problem an net just dee vun enger eenzelner Industrie.

"An d'Hoffnunge si grouss, datt déi chineesesch Regierung, déi europäesch an och am Verbund mat der hollännescher Regierung, dass déi do eng vernënfteg Léisung fannen, fir dass d'Industrie ka funktionéieren. An et ass jo net nëmmen d'Automobilindustrie, sinn och aner Industrien. Den Dialog, deen ass hei wichteg, dass dee gefouert gëtt."

Den Autoszouliwwerer IEE mat Sëtz zu Biissen produzéiert zu Iechternach, an der Slowakei, a China an a Mexiko. D’Entreprise beschäftegt hei am Land ronn 600 Leit. Weltwäit huet IEE eng 2.700 Mataarbechter.

An trotz der aktueller Chipkris - wéinst de Liwwerproblemer bei Nexperia - soll d’Produktioun beim däitsche Konzern Volkswagen dës Woch normal lafen, hat et Enn vun der leschter Woch geheescht. Wéi et am November virugeet, wier awer nach net ofzeschätzen, esou ee Spriecher. Och aner Autosproduzente kéinten d’Konsequenzen ze spiere kréien.

play_arrow Lauschteren