search

/ Nächst Entrevue tëschent Selenskyj an Trump kéint ustoen

Ukrainkrich

|
reading time

1 min

Nächst Entrevue tëschent Selenskyj an Trump kéint ustoen

D'nächst Woch sollen et um héchsten Niveau Friddensgespréicher iwwer d'Ukrain ginn. Dat huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj annoncéiert an duerchblécke gelooss, datt hien op Washington bei den Donald Trump kéint reesen.

reading time

1 min

©  EPA/SHAWN THEW
(Foto: EPA/SHAWN THEW)

Parallel soll dem Trump säi Verhandler Steve Witkoff op Moskau fléien.

De russesche President Wladimir Putin huet gëschter um Donneschdeg nach emol kloer gemaach, datt Russland déi voll Kontroll iwwer d‘Regiounen Donezk a Luhansk wëllt, éier ee sech op een Accord aléist.

Kiew refuséiert dat awer.