Radioen

On air

Notturno  |  Anna B Savage - In Flux

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Minett-Kompost: Ofwaassersituatioun zënter Joren net konform

Ëmwelt

Minett-Kompost: Ofwaassersituatioun zënter Joren net konform

Déi ronn 20 Gemenge vum Syndikat Minett-Kompost mussen 100,7-Informatiounen no vun elo un annerhallef Millioun Euro d’Joer bezuelen, well jorelaang ouni Autorisatioun Ofwaasser an de Monnerecher Kanal an duerno an d’Schëfflenger Kläranlag gelaf ass. Elo kënnt Beweegung an den Dossier

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Déi ronn 20 Gemenge vum Syndikat Minett-Kompost mussen 100,7-Informatiounen no vun elo un annerhallef Millioun Euro d’Joer bezuelen. (Foto: Minett-Kompost)

D’Ofleede vum Ofwaasser vum Minett-Kompost mat Sëtz zu Monnerech war jorelaang net konform zu de Reglementatiounen. D’Waasser war staark belaascht. Et huet d’Kläranlag staark strapazéiert an ass deelweis och an eng Baach gelaf.

Iwwerfëllte Reebaseng, verschmotzte Baach

Opgefall ass d’Problematik, well de Syndikat Minett-Kompost Autorisatioune fir en Ausbau ugefrot huet. D’Waasserwirtschaftsamt huet doropshin a Waasserprouwe vum Juli d’lescht Joer eng staark Belaaschtung vum Ofwaasser festgestallt, esou de Paul Weimerskirch. De Schëfflenger CSV-Buergermeeschter ass President vum Syndicat SIVEC, Bedreiwer vun der Schëfflenger Kläranlag, déi staark vum Ofwaasser strapazéiert gouf.

"An do ass da festgestallt ginn, dass jo eigentlech ouni Kommodo an ouni Méiglechkeet, ouni legale Beräich, de Minett-Kompost d'Prozesswaasser iwwert de Wee vun den Ofwaasserkanäl vun der Monnerecher Gemeng op Kläranlag schéckt."

Hire Berechnungen no wier dat a Gréisstenuerdnunge vu 55.000 Einwohnergleichwerte, sou de Paul Weimerskirch. Minett-Kompost selwer schwätzt vun 20.000 Einwohnergleichwerter, déi do am Spill wieren.

Egal wéi geet rieds vu Quantitéiten, déi dem Ofwaasser vun enger Stad entspriechen. Donieft gouf festgestallt, datt ee Reebaseng zu Féiz déi Quantitéit net gepackt huet, an d’Ofwaasser aus dem Minett-Kompost duerno an eng Baach gelaf ass an déi verschmotzt huet. Dat beleeën Dokumenter, déi eis virleien.

Eng Rechnung an Héicht vun 1,4 Milliounen Euro

Well d’Ofwaasser aus dem Minett-Kompost d’Kläranlag zu Schëffleng esou staark belaascht, huet de SIVEC der Monnerecher Gemeng, wou de Minett-Kompost ugeschloss ass, elo eng Rechnung ausgestallt.

"Mir hunn dann elo effektiv gëschter an engem Kommitee decidéiert, dass mir der Gemeng 25.000 Einwohnergleichwerte wäerte verrechnen, an dat an den nächsten dräi Joer, wou d'Installatioun ausgebaut gëtt a wou och Méiglechkeete solle fonnt ginn, fir dat Prozesswaasser opzefänken. Well dat Prozesswaasser gehéiert einfach net dohinner."

De Monnerecher Buergermeeschter Jeannot Fürpass, deen och President vum Syndicat Minett-Kompost ass, seet am 100,7 Interview, datt hie mat dëser Rechnung vun iwwer 1,4 Milliounen Euro d’Joer kee Problem hätt.

"Mir akzeptéieren u sech dat, wat hei virginn ass, mat deenen 1,4 Milliounen. Mir wäerten dat am Prorata zu de Gemengen, esou wéi se uliwweren, an esou am Prorata zu dem Tonnage, wat u sech an d'Methanisolatiounsanlag erageet, wäert dat och weider verrechent ginn."

Domadder bezilt elo deen d’Rechnung, deen och d’Kläranlag belaascht, an net méi d’Bierger aus de sechs SIVEC-Gemengen. 

Ofwaasser als Dünger an der Landwirtschaft?

De President vu Minett-Kompost verstoppt och net, datt de Problem net nei ass.

"D'Situatioun besteet ganz laang. Déi besteet vun Ufank un eigentlech datt de Minett-Kompost seng Dieren opgemaach huet, mat deem einfache Kompostfeld. Och do ass schonn an dee Kanal gepompelt ginn. D'AGE huet an hirem Courrier 2003 och geschriwwen, soubal wéi deen neie Bypasskanal gebaut ass, da misst dat do dra goen."

An Tëschenzäit wier awer en neit Waassergesetz komm, wat et eebe verbitt, datt een nach an déi do Richtung kéint goen, erkläert de President vu Minett-Kompost.

"Ech mengen, mir sinn an der Kenntnis dovunner a wäerten eis opstellen, fir aner Léisungen ze fannen an ze sichen. A mir fannen se."

Eng Léisung wier an der Maach, heescht et weider. Zum Beispill iwwert den Asaz vun den Ofwässer als Dünger an der Landwirtschaft.

Bis dohinner dauert et awer an d’SIVEC-Gemenge Schëffleng, Esch, Monnerech, Suessem, Dippech a Reckeng verléiere wéinst dem problemateschen Ofwaasser Klärkapazitéit, déi si zum Beispill beim Ausbau vun neie Wunnquartiere bräichten. An d’Ofleede vum Ofwaasser an de Kanal ass weiderhin net konform, sou de SIVEC-President, och wann de Minett-Kompost elo dofir bezilt. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Ëmwelt