arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Äerdbiewen am Norde vun Holland

wéinst Gasextraktiounen

|
headphones

1 min

Äerdbiewen am Norde vun Holland

Am Norde vun Holland koum et zu engem Äerdbiewe mat enger Stäerkt vun 3,4 op der Richterskala. Blesséiert gouf dobäi keen.

headphones

1 min

Den hollänesche Fändel | © EPA/WOUTER DE WILDE
Den hollänesche Fändel (Foto: EPA/WOUTER DE WILDE)

Wéinst fréiere Gasextraktiounen besteet fir d'Regioun Groningen eng Äerdbiewegefor. Hei läit nämlech dat gréisste Gasfeld an Europa. Dat gouf eigentlech zejoert, well et zu villen Äerdbiewe koum, zougemaach. Wéinst Huelraim kann et awer ëmmer nach zu Äerdbiewe kommen. Wéini déi ophalen, kann dat hollännescht Äerdbieweninstitut (KNMI) net soen.

Et war eent vun de stäerksten Äerdbiewen, déi an dëser Regioun enregistréiert goufen, heescht et nach vum Äerdbieweninstitut.