Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee gréngt Naturwonner op engem fréieren Industriesite

De Rëmelenger Arboretum

Ee gréngt Naturwonner op engem fréieren Industriesite

Viru 25 Joer ass zu Rëmeleng ee sougenannten Arboretum “An Aenzelen” op engem industrielle Site entstanen. Hei kënne Visiteuren net nëmme Rou an Erhuelung genéissen, mee och ob eng lieweg Aart a Weis iwwer d’Natur léieren.

auto_stories

2 min

Foto: Syndicat PRO-SUD / Minett UNESCO Biosphere

Wat eemol vun Eisebunn an Dreck charakteriséiert war, ass elo eng roueg Plaz mat vill Natur. Hei fënnt een och d’Kallektuffquell, eng vun dënn eenzegen am Land. Eng Kalktuffquell ass eng Quell, där hirt Waasser duerch d’Kallekgestengs fléisst, wat zu Oflagerunge vu Kalktuff féiert.

Pedagogesch Projeten am Arboretum

Kallektuffquell | © Maurice Molitor
Kallektuffquell (Foto: Maurice Molitor)

Ënner der Leedung vun der Minett-Biosphär organiséiert de Gemengeverbond Pro Süd hei eng sëlleg pedagogesch Projete fir Jonk an al. Ee vun dëse Projeten ass de Pilotprojet mat zwou lokale Grondschoulklassen, deen zënter Ufank 2023 leeft. D'Schülerinnen a Schüler entdecke wärend enger méi laanger Zäitperiod verschidde Facettë vum Arboretum an engagéiere sech aktiv fir de Schutz an d’Fërderung vun der Natur.

Kreativitéit an Zesummenaarbecht mat enger Grafikdesignerin

Mat der Grafikdesignerin Lisa Keiffer ass eng Zesummenaarbecht entstanen, bei der Schoulkanner ee Konzept fir Informatiounstafelen, Kaarten a Weebeschreiwungen entwéckelen.

De Rëmelenger Arboretum ass e liewegt Beispill dovunner, wéi aus industriellen Iwwerreschter nei Liewensraim entstoe kënnen.