Radioen

On air

Tockcity  |  FEET - Number One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wiederbilan: Ze waarmen Oktober an aussergewéinlech vill Reen

Klima

Wiederbilan: Ze waarmen Oktober an aussergewéinlech vill Reen

Den Oktober war ee Grad méi waarm wéi d’Moyenne vun der Referenzperiod vun 30 Joer, mee an engems war en och ze naass. Dat sot de Luca Mathias vu Meteolux de Moien am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

© Morgane Weidig
Foto: Morgane Weidig

De Meteorolog Luca Mathias vu Meteolux zitt en éischte Wiederbilan fir dësen Hierscht. Dee weist sech aktuell ongewéinlech waarm a besonnesch den Oktober huet däitlech méi héich Temperaturen an Nidderschlagswäerter mat sech bruecht, wéi an de leschte Joren de Fall war.

Ze waarmen Oktober: 1 Grad iwwer dem Duerchschnëtt

De Miessunge vun der Meteolux-Wiederstatioun um Findel no louch d’Duerchschnëttstemperatur am Oktober ëm ee Grad iwwer dem Referenzwäert (1991–2020). Dëst confirméiert d’Impressioun vu ville Leit zu Lëtzebuerg, datt den Hierscht dëst Joer besonnesch mëll ass. Dës Ofwäichung vum Duerchschnëtt passt an den Trend vun de leschte Méint a Joren, an deene reegelméisseg méi waarm Wäerter gemooss goufen. „Och wann den Oktober selwer keen neie Wärmerekord opgestallt huet, entsprécht dës Entwécklung dem Bild vum Klimawandel, deen och op europäeschem Niveau ze gesi ass“, ënnersträicht de Luca Mathias. Dëse Phenomen gëtt net nëmmen zu Lëtzebuerg observéiert, mee och duerch den europäesche Wiederdéngscht Copernicus iwwer ganz Europa a global.

Nidderschlagsrekorder: 50 Prozent méi Reen wéi gewéinlech

Nieft den héijen Temperaturen ass am Oktober och vill méi Reen gefall wéi soss: Amplaz vun de ronn 70 bis 80 Liter pro Quadratmeter, déi am Oktober normal sinn, huet d’Statioun vu Meteolux bal 130 Liter pro Quadratmeter enregistréiert. Domat gehéiert dëse Mount zu den naassten Oktoberméint vun de leschte Joren. Am Allgemengen ass d’Joer 2023 bis elo besonnesch reenereg ausgefall. Vun Oktober 2022 bis Oktober 2023 koumen ongeféier 1.200 Liter pro Quadratmeter Reen erof – bal 50 Prozent méi wéi den Duerchschnëtt vun ongeféier 830 Liter pro Quadratmeter.

Ursaach fir dës fiicht Wieder: Atlantesch Déifdrockgebitter

D’Wiederlag am Oktober gouf haaptsächlech duerch Déifdrockgebitter iwwer dem Nordatlantik bestëmmt, déi fiicht a mëll Loft an eis Géigend bruecht hunn. Duerch dës südwestlech Stréimung sinn ëmmer nees subtropesch Loftmassen an d’Regioun komm, wat souwuel déi héich Temperature wéi och den intensive Reen verursaacht huet. Eng méi kal Nordstréimung, déi fir méi niddreg Temperaturen hätt kéinte suergen, huet sech net gewisen. „Dës typesch Déifdrocklag hu mir säit ongeféier engem Joer ëmmer nees beobacht“, erkläert nach de Meteorolog Luca Mathias.

Ausblécker: Weiderhi mëll Temperaturen, keen haarde Wanter a Siicht

Och fir déi nächst Woche rechent Meteolux mat stabillen Temperaturen tëscht 10 an 14 Grad, ouni staarke Frascht. Mathias schléit extrem Keelt oder streng Wanterprognose fir déi no Zukunft aus: „Saisonal Wiederprognose sinn oft schwiereg, mee momentan ginn et keng Unzeeche fir en aussergewéinlech kale Wanter.“ Déi laangfristeg Modeller deiten éischter op eng weider Fortsetzung vum mëllen Trend hin, wéi et och an de leschte Wanteren ze gesi war.