Radioen

On air

Notturno  |  Big Thief - Cattails

play_arrow Live
search

/ Méigleche Waffestëllstand: D'Positioune si verhäert

Noen Osten

Méigleche Waffestëllstand: D'Positioune si verhäert

An der Gazasträif sinn an Tëschenzäit iwwer 29.500 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Dësen neie Bilan huet de Gesondheetsministère vun der Hamas matgedeelt. Iwwerdeems gëtt de Chef vum Mossad, dem israeelesche Geheimdéngscht, haut mat enger Delegatioun zu Paräis erwaart.

auto_stories

1 min

Gazasträif no israeleschen Attacken | © picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
Gazasträif no israeleschen Attacken (Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib)

Bei dëser Reunioun ass et d'Hoffnung, fir d‘Diskussioun iwwer een eventuelle Waffestëllstand mat der Hamas ze deblockéieren. An deem Kontext ass de Chef vun der islamistescher Terrororganisatioun haut zu Kairo, an den amerikaneschen Emissär an Israel.

Netanjahu: Militäroperatioun soll laangfristeg viru goen

D‘Hamas fuerdert e komplette Waffestëllstand, den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu ass awer just mat enger temporärer Rou averstanen. Op laang Siicht wëll hie seng Militäroperatioun, fir d‘Hamas auszeläschen, weiderféieren.

Wärend enger éischter Feierpaus am November konnten iwwer 100 israeelesch Geiselen an 240 palästinensesch Gefaangener ausgetosch ginn.