Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meenungsfuerschung am Virfeld vun de Chamberwalen

Politik

Meenungsfuerschung am Virfeld vun de Chamberwalen

D‘Manon Breden vun der Ilres erkläert, wéi eng Reegelen am Virfeld vu Wale fir Sondagë gëllen a wéi den 8. Oktober d‘Héichrechnung opgestallt gëtt.

auto_stories

2 min

headphones

26 min

Manon Breden play_arrow
D'Manon Breden vun der Ilres war an eiser "Den Haller Néng" invitéiert.(Foto: Chris Zeien)

Déi ganz Emissioun

Lauschterenplay_arrow

Déi lescht Sonndesfro huet d‘Meenungsfuerschungsinstitut Ilres ronn ee Mount virum Waldag publizéiert. Et wéilt een dem Wieler den néidege Sputt gi fir säi Choix ze maachen, seet d‘Manon Breden. Dat heescht och, datt rezent Kontroversen, wéi déi ronderëm d‘ADR an déi rietsextreem franséisch Partei Civitas sech net an der leschter Ëmfro néier schloen.

Virun dëse Walen hätten iwwerdeems net méi Parteie wéi soss sech e Sondage bei der ILRES bestallt. „Et ass natierlech ëmmer en Atout fir eng Partei sou ee Sondage ze maachen“, sou d‘Meenungsfuerscherin. Dobäi géifen d‘Parteie souwuel generell Stëmmungen analyséiere loossen, mee och eenzel Kandidaten. Bis zu engem Joer virun de Wale géifen déi éischt Parteien dofir bei der Ilres uklappen.

 

Um Walowend wäert Ilres déi éischt Héichrechnung um 7 Auer Owes publizéieren. Interessanterweis schafft een hei zu Lëtzebuerg mat konkrete Resultater an net mat sougenannten „Exit Polls“. Dat suergt fir Prezisioun a fir Vitess, sou d‘Manon Breden. Dofir schéckt d‘Meenungsfuerschungsinstitut ronn 250 Leit bei d‘Walbüroen, déi d‘Resultater sou séier wéi méiglech erareechen.

D‘Meenungsfuerscherin annoncéiert dann och d‘Reiefolleg an där d‘ILRES sech d‘Resultater um Walowend erwaart: Fir d‘éischt soll den Oste fäerdeg gezielt hunn, duerno dann den Norden. Do hannendru kéimen dann de Süden an den Zentrum. Bei dëse Wale géife schlussendlech och méiglech Reschtsëtz eng grouss Roll spillen, sou nach d‘Manon Breden.