arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chemie-Nobelpräis geet un een Trio

Wëssenschaft

|
headphones

1 min

Chemie-Nobelpräis geet un een Trio

Den Nobelpräis an der Chimie geet dëst Joer un e Japaner Susumu Kitagawa, de Richard Robson aus Australien an den Omar Yaghi aus den USA. Si ginn ausgezeechent fir d‘Entwécklung vu metall-organesche Gerüstverbindungen, esou d‘Akademie vun de Wëssenschaften zu Stockholm.

headphones

1 min

De Susumu Kitagawa, de Richard Robson an den Omar Yaghi  | © EPA/FREDRIK SANDBERG/TT SWEDEN OUT
De Susumu Kitagawa, de Richard Robson an den Omar Yaghi (Foto: EPA/FREDRIK SANDBERG/TT SWEDEN OUT)

Esou Strukture kéinten zum Beispill agesat ginn, fir CO2 ze captéieren, toxesch Gasen ze stockéieren oder och Waasser aus der Loft an enger Wüst ze gewannen.