Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ „Votum Klima“: D'Programmer vun déi Lénk, déi Gréng an d'LSAP schneiden am beschten of

Analys vu Walprogrammer

„Votum Klima“: D'Programmer vun déi Lénk, déi Gréng an d'LSAP schneiden am beschten of

Bei den Theme Klimaschutz a Biodiversitéit schneiden d’Parteien déi Lénk, déi Gréng an LSAP am beschten of, sou "Votum Klima".

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

D’Resultater huet “Votum Klima” haut presentéiert, véier Deeg virum Walsonndeg. Bei der Analys wier opgefall, datt et Parteie ginn, déi sech scho laang mat den Theme Klima a Biodiversitéit beschäftegen, an där Parteien, déi dës Theme réischt an de leschte Joren entdeckt hätten, seet de Cedric Reichel vun der Plattform “Votum Klima”.

„Eis Approch war jo eng Analys ze maachen, an duerno d’Parteien ze froe sech selwer ze positionéieren. Dat war grad interessant, well ebe ganz vill Themen, déi am Parteiprogramm gefeelt hunn, d’Parteien awer eigentlech deelweis ganz optimistesch oder progressiv Positiounen dozou hunn.“

All Wieler soll sech informéieren

Eng Walrecommandatioun wëllt d’Plattform no hirer Analys vun de Programmer a Manifester net maachen. De Cedric Reichel mécht awer däitlech, wourëm et der Plattform geet.

„All Wieler soll sech iwwerleeë firwat en an dëser Gesellschaft steet a wat fir eng Visioun hie selwer vun dëser Gesellschaft huet. A wat fir eng Partei kann dat am beschte verkierperen?“

D’Plattform “Votum Klima” gouf 2009 gegrënnt, fir d’Theema Klimawandel op déi politesch Agenda ze setzen. Zur Plattform gehéiere 14 Organisatioune vun der Zivilgesellschaft, dorënner d’ASTM, Greenpeace a Caritas Lëtzebuerg.

Lauschterenplay_arrow