An der Géigend vu Saarburg, op der anerer Säit vun der Musel huet sech viru puer Méint ee Wollefsruddel néiergelooss. Zwee erwuessen Elterendéier mat ufanks 4 Welpen, wouvun awer een am August schonn iwwerrannt gouf, erkläert de Peter Sound vu Ëmweltministère a Rheinland-Pfalz
Idealen Territoire fir d'Wëllef
D'Grenzregioun tëschent der Belsch, Lëtzebuerg an Däitschland hätt vill Bëscher. Dat ass ideal fir d‘Wëllef, déi aus Holland oder der Belsch Richtung Süde wanderen. Am Hunsrück Nationalpark hu si sech dann néiergelooss.
Wëllef wanderen immens vill: Bis zu 70 Kilometer den Dag. Sou datt et och warscheinlech ass, datt och Lëtzebuerg zu hirem Territoire gehéiert, erkläert de Peter Sound. Bis de Summer bleiwen déi jonk Wëllef, alles weiblecher, bei den Elterendéieren, éier si dann ofwanderen. Am Normalfall dann och éischter wäit ewech.
D'Elterendéiere bleiwe jiddefalls an der Regioun a wäerten déi nächst Welpe kréien.
Dee Ruddel a Rheinland-Pfalz ass bis elo deen eenzegen an der Groussregioun. Et ginn och mol weider Ruddele gemellt, déi awer bis elo net nogewise goufen. Do kéint een och dovun ausgoen, datt dat Déiere sinn, déi laanschtzéien.
Eng Situatioun mat där ee sech muss offannen
Jiddefalls kënnt de Wollef nees ëmmer méi heefeg vir. Eng Freed fir d‘Naturschützer:innen, manner awer fir Baueren. Souguer wann de Schutzstatus vum Wollef erofgesat gëtt, bleift de Wollef an der Regioun. Eng Situatioun mat där ee sech offanne muss, fënnt de Peter Sound.
Déi beschte Method fir säi Véi ze schütze wier deemno de sougenannten Herdenschutz: Besseren Zonk, an extra Pärchte fir Nuets zum Beispill. Och Muppe kéinte rëm méi an den Asaz kommen, erkläert de Peter Sound.
Beim Ofschoss vum Wollef misst een iwwerdeems oppassen, wéi ee Wollef een ofschéisst. Wann een zum Beispill een Elterendéier erschéisst, dat Wëllef an der Pubertéit huet, kéinten d‘Iwwergrëff éischter weider klammen, gëtt de Peter Sound ze verstoen.