Den Alter vun de Fossilie gëtt op 210 Millioune Joer geschat.
Fir Lëtzebuerg ass dat eng kleng Sensatioun. Och wann déi Déieren, déi fonnt goufen, och schonn an anere Länner fonnt goufen a verhältnisméisseg bekannt sinn. Dat ausseruerdentlecht un dëser Entdeckung ass awer, datt et e ganze Koup Schanken op enger konzentréierter Plaz sinn.
Dat kéint néi Erkenntnisser iwwer d’Liewensaart a Weis vun dësen Déiere mat sech bréngen, erkläert de Paleontolog Ben Thuy. Lëtzebuerg hat iwwerdeems bis ewell nach keng esou eng exceptionnell Decouverte.
Lauter eenzel Schanken a keng zesummenhängend Skeletter
Fir den Ament ginn d’Expertinnen an Experten dovunner aus, datt déi vill a verschidde Schanken duerch eng Iwwerschwemmung, op déi Plaz zesumme gespullt goufen. Et goufe lauter eenzel Schanke fonnt a keng zesummenhängend Skeletter. Dat géif drop hindeiten, datt d’Déiere scho virun der Iwwerschwemmung dout waren, seet de Ben Thuy.

Déi Schanken, déi fonnt goufen, sinn immens fragil. Déi meescht Schanke ware scho gebrach, ier se konnten ausgegruewe ginn.
Raubdéiere vu 4 Meter
Panzerlurchen sinn Amphibien, déi zou Zäit vun den Dinosaurier gelieft hunn. Si si scho laang ausgestuerwen.
Si haten eng dënn Haut, déi un e Liewe gréisstendeels am Waasser ugepasst war. Am Ënnerscheed zu haitegen Amphibien haten si Knachendeeler ënnert der Haut, dohier och den Numm “Panzer”-lurchen. Iwwerdeems waren se immens grouss - vill méi grouss wéi Amphibie vun haut, seet de Ben Thuy.

Deen heefegsten, deen an der Fiels fonnt gouf, war e Meter laang. Et goufen awer och Deeler vun engem Cyclotosaurus fonnt, déi konnte bis zu 4 Meter laang ginn. D’Ausgesi vum Cyclotosaurus erënnert un e Krokodil vun haut an och seng Aart a Weis fir ze liewen erënnert dorun.
Si haten alleguer ganz spatz Zänn, deelweis esouguer zwou Reien Zänn a laang Fangzänn fir sécher ze goen, datt dat wat si gefaangen haten, datt dat och net méi d’Maul verléisst. Et kéint een esouguer dovun ausgoen, datt si un der Spëtzt vun der Nahrungskette stoungen.