D'Yuriko Backes konnt sech mat de Responsabel vu BETA Technologies iwwer de Fliger vum Typ CX300 ënnerhalen. De Fliger huet eng Kapazitéit vu 5 Passagéier oder ka bis zu 500 Kilo transportéieren.
De Grand-Duché wier un deenen Technologien interesséiert, well dat zu enger Reduktioun vun den CO2-Emissioune féiert, esou d'Ministerin.
Diskutéiert gouf um Findel iwwer déi ekonomesch Perspektiven am Beräich Regionaltransport, mee och iwwer d’Defie vun der Recharge.
Den CX300 géif 75 Prozent manner CO2-Ausstéiss generéieren ewéi eng Cessna, a géif wesentlech manner Kaméidi maachen, esou nach déi Responsabel vum Fliger.