Radioen

On air

Spektrum  |  The Script - Both Ways

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Regierung bis elo ouni grouss Ambitiounen"

Kommentar

"Regierung bis elo ouni grouss Ambitiounen"

Lëtzebuerg huet eng nei Regierung. Déi 10 Ministeren a fënnef Ministerinne vun der CSV a vun der DP ginn de Moie vum Grand-Duc vereedegt, gëscht gouf de Koalitiounsaccord ënnerschriwwen. Bis elo mécht déi nei Koalitioun kee souveränen Androck a se preparéiert de wirtschaftsliberale Wee fir e schlanke Staat, deen d‘Ongerechtegkeete riskéiert ze vergréisseren, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen play_arrow
Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

„Polykris“: E Wuert, dat de Luc Frieden an de Xavier Bettel virun de Chamberwale gär an de Mond geholl hunn. Lëtzebuerg steet effektiv viru ganz groussen Erausfuerderungen, wéi eigentlech ganz vill aner Länner och. D‘Léisunge wäerte Sue kaschten, a politesche Courage.

Koalitiounsaccord ënner Zäitdrock entstanen

Mee no de Wale wollt de Formateur Luc Frieden net méi vill vun de ville Krise wëssen. Et gouf sech wéineg Zäit geholl fir intensiv no de beschte Léisungen ze sichen, mee et ass ënner héijem Zäitdrock probéiert ginn e séiere Koalitiounsaccord erbäizeféieren. Dat ass alles esou séier gaangen, datt verschidde Membere vun der Regierungsequipe eréischt an de leschten Deeg fonnt goufen. 

Et war och bis zum Schluss net iwwerall kloer, wie wéi e Ressort géif kréien. Verschidde Ministere sinn net den éischte Choix, well et goufen aner Pläng déi net geklappt hunn, warscheinlech och well se iwwerstierzt oder net duerchduecht waren.

Net ze vill Responsabilitéit iwwerhuelen

Am klenge Krees goufen d‘Ressorten tëscht de Parteie verdeelt: D‘Resultat gesäit net esou aus, wéi wann et do e grousse Plang géif ginn, mee éischter wéi wann d‘CSV an d‘DP sech hätte wëllen déi waarm Bréidercher opdeele fir datt keng vu béide Parteien ze vill Responsabilitéit muss iwwerhuelen. 

An da kéint et och nach gutt sinn, datt nach Detailfroen opkommen, déi net beschwat goufen. En éischten Test gëtt de Reglement, deen nach muss geschriwwe ginn, iwwert déi genee Pouvoire vun de Ministeren.

E Grëff an d‘Këscht vun ale Rezepter

Bis elo wierkt dat, wat iwwert de Koalitiounsaccord bekannt gemaach gouf, zimmlech banal: Et ass net d‘Resultat vu fundamentalen Diskussiounen, mee éischter vun engem séiere Grëff an d‘Këscht vun den ale Rezepter. An déi si virun allem ganz liberal: Trotz Rezessioun an trotz de Warnunge virun engem staarke Budgetsdefizit ginn d‘Steieren direkt op den éischte Januar nach zousätzlech fir Investisseuren a Privatstéit erofgesat: Elleng déi weider Upassung vum Steierbarème wäert zousätzlech 180 Milliounen Euro kaschten. 

Eisen Informatiounen no huet d‘CSV sech domat duerchgesat. Witzegerweis war et d‘DP als liberal Partei, déi net esou wäit goe wollt. 

Wuesstem deen d'Wunnengsnout vergréissert

Da ginn d‘Investisseuren direkt bedéngt fir an zousätzlech Wunnengen ze investéieren: Dobäi si Wunnengen den Ament ze kréien, mee fir vill Leit eben net ze bezuelen. 

De Promoteur Marc Giorgetti, deen nach virun de Walen zesumme mam Luc Frieden gefeiert huet, wäert der Regierung scho bestëmmt felicitéiert hunn. Den Amortissement accéléré ze erhéijen, war seng éischt Fuerderung, déi hien eis virun de Wale genannt huet. Et war och déi éischt am Logementsberäich, déi de Luc Frieden gëscht ervirgestrach huet. Weider soll d‘Betribsbesteierung an dëser Legislaturperiod reduzéiert ginn, mam Credo, datt domat méi Betriber op Lëtzebuerg kéimen. Wuesstem, deen da rëm d‘Wunnengsnout vergréissert.

Spuermesure wäerten net ze vermeide sinn

De grousse Risiko ass, datt d‘CSV-DP-Regierung scho mam nächste Staatsbudget, dee se bis Abrëll muss duerch d‘Chamber bréngen, Spuermesuren abrénge muss. Well se d‘Steiere jo reduzéiere wëll, bleift näischt anescht iwwereg wéi bei den Ausgaben ze kierzen. D‘Sozialleeschtunge kierzen, Bauprojete retardéieren, staatlech Investitioune sträichen, manner beim Staat astellen: D‘Iddie wäerten der Koalitioun net ausgoen. An domat riskéiert dann d‘Schéier tëscht Aarm a Räich auserneen ze goen, an d‘Ekonomie weider ausgebremst ze ginn.

De Luc Frieden ass lo do ukomm, wou en ëmmer hiwollt: Als Premier an enger liberaler Koalitioun. Ob säi Modell um Enn opgoe wäert, ass eng spannend Wett, déi hien ageet. A fënnef Joer wäerten d‘Fakten um Dësch leien.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Meenung