Radioen

On air

Concert  |  Multitalent trëfft op Wonnerkand

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Positioune vun de Parteie leie wäit auserneen

Geplangte Reform vum Walgesetz

D'Positioune vun de Parteie leie wäit auserneen

D’Walgesetz soll iwwerschafft ginn, mee et wäert nach e Strapp daueren, bis esou eng Reform zustane kënnt. D’Positioune leien nämlech wäit auserneen, wéi sech de Méindeg an enger éischter Sëtzung vun der Institutiounskommissioun an der Chamber gewisen huet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Walen | © picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz play_arrow
Walen (Foto: picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz)

Op engem Punkt gëtt et awer eng grouss Eenegkeet tëscht Majoritéit an Oppositioun. Déi geplangten Ännerunge sollen an engem méiglechst breede Konsens decidéiert ginn.

D'Ofschafe vun den Duebelmandater, d’Eropsetze vun der Unzuel un Deputéierten, digitaalt Wielen, Auslännerwalrecht an d’Fro vun de Walbezierker. D’Lëscht vun de Proposen ass laang. Et géif awer net dono ausgesinn, wéi wann ee sech op ville vun deene Punkte kéint eens ginn, huet d’LSAP-Deputéiert Paulette Lenert no der Sëtzung erkläert.

"Ech regrettéieren, datt op deene grondsätzleche Froen hei schonn esou ze soen ofgeblockt ginn ass, mam Argument, datt dat géif bedeiten, datt een un d'Constitutioun muss drugoen."

LSAP, déi gréng an déi Lénk: Fro vum Auslännerwalrecht stellt sech weier

Zum Beispill wann et drëm geet, déi 4 Walbezierker duerch eng Circonscription unique ze ersetzen. Oder beim Theema Auslännerwalrecht, wou d’Meenungen och ënner den Oppositiounsparteien ausernee ginn. LSAP, déi gréng an déi Lénk fannen, datt 10 Joer nom Referendum definitiv nees Zäit ass, fir iwwer d’Auslännerwalrecht an ee Referendum ze schwätzen, betount ënner anerem de Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk. Wann d‘Hallschent vun de Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen d'Walrecht net hunn, wier dat een Demokratiedefizit, deen ee misst ugoen.

D’ADR ass iwwerdeems, wéineg iwwerraschend, géint ee Walrecht fir Auslänner. Wärend d’Pirate proposéieren, datt den CNE de Conseil National des Étranger seng direkt gewielte consultativ Kommissioun gëtt, déi d’Interesse vun den Auslänner hei am Land vertrëtt.

D'Regierung wëllt d'Verfassung net änneren

D’Regierungsparteien CSV an DP sinn dogéint fir Upassungen un der "relativ neier" Verfassung vun 2023 ze maachen, erkläert de Kommissiounspresident an CSV-Deputéierte Laurent Zeimet.

Punkten, op deenen d’Parteie sech kéinten eens ginn, wieren digitaalt Wielen an déi administrativ Vereinfachung, mengt den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet.

Bis Mee kënnen d’Parteien elo kucken, ob wéi enge Punkten een d’Diskussiounen iwwer eng Reform vum Walgesetz konzentréiere sollt.

Lauschterenplay_arrow