Radioen

On air

Notturno  |  Vulfpeck - Dean Town

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Debat: Wéi maache mir eise Gesondheetssystem fit fir Zukunft?

Gesondheetssystem

Debat: Wéi maache mir eise Gesondheetssystem fit fir Zukunft?

D’Carole Hartmann (DP), de Jean-Claude Schmit (LSAP), de Claude Wiseler (CSV) an de Steve Schmitz (Liberté) hunn de Freideg Moie live virum Centre Medical um Potaaschbierg iwwer de Lëtzebuerger Gesondheetssytem diskutéiert.

auto_stories

3 min

headphones

29 min

Diskussiounsronn um Potaschbierg | © Jo Dieseviscourt play_arrow
De Steve Schmitz (Liberté-Fräiheet), d'Carole Hartmann (DP), Jean-Claude Schmit (LSAP), Claude Wiseler (CSV)

Fir d'Carole Hartmann (DP) sinn dezentral Medezin-Strukturen, wéi déi um Potaschbuerg, déi komplementar zu Spideeler schaffen, wichteg fir d'Spideeler ze entlaaschten. Um Potaschbierg géife jo och net just Servicer mat IRM oder Scanner ugebuede ginn, mee och nach aner medezinesch Servicer. An Zukunft sollt een d'Creatioun vu sou Zenteren awer iwwer ee Gesetz iwwer den extra-hospitalier reegelen. Wou déi Zentere schlussendlech opgemaach ginn, kéint de Gesondheetsministère iwwer en Autorisatiounssystem steieren, sou d'DP-Vertriederin.

De Claude Wiseler (CSV) ass frou, datt den Zenter elo fonctionnéiert, hie féiert dat och op den Drock zeréck, deen d'CSV gemaach huet. Hie bedauert awer, datt den Zenter muss mat engem Spidol zesummeschaffen. Et misst een den Dokteren an Zukunft de fräie Choix loosse fir sou en Zenter opzemaachen, och ouni Zesummenaarbecht mat engem Spidol. Duerch eng regionaliséiert Offer géif de Patient och eng besser Offer an e méi séiere Service kréien an d'Spideeler géifen entlaascht ginn.

De Jean-Claude Schmit ass domat net averstanen, sou Zentere misste fir imagerie médicale mat Spideeler zesummeschaffen. Fir aner medezinesch Servicer, déi och am Zentrum um Potaschbierg ugebuede gi wier dat awer net de Fall, do wieren Doktere fräi an hiren Entscheedungen. En neit Gesetz géif et och erméigleche bis zu 20 där Zenteren (och mat imagerie médicale) opzemaachen. Domat hätten d'Doktere Méiglechkeete fir sech dezentral ze etabléieren.

De Steve Schmitz vu Liberté – Fräiheet ass där selwechter Meenung wéi den CSV-Vertrieder. Den Dokter sollt kënne fräi schaffen "ouni Tutelle" vum Spidol.

Wéi kann ee méi Dokteren op Lëtzebuerg lackelen?

Spideeler warnen, datt extern Gesondheetszentere mat Spideeler a Konkurrenz ëm Aarbechtskräft géifen trieden.

Fir deem entgéintzewierke misst een der Carole Hartmann no, Dokteren op Lëtzebuerg zéien. Der DP-Vertriederin no géife vill jonk lëtzebuergesch Dokteren déi am Moment am Ausland schaffen, zécke fir zeréck op Lëtzebuerg schaffen ze kommen, well et „kee gesetzleche Kader fir den extra-hospitalier“ gëtt.

Liberté-Fräiheet an d'LSAP si fir en Uni-Spidol fir Lëtzebuerg

De Claude Wiseler kéint sech virstelle fir Medezinstudenten iwwer remuneréiert Stagen an eng individuell Begleedung zeréck op Lëtzebuerg ze zéien. De Steve Schmitz vu Liberté Fräiheet plädéiert fir eng Uni-Klinik, fir datt Medezin-Studenten hir Ausbildung komplett zu Lëtzebuerg kéinte maachen. Dono sollt een dem Steve Schmitz no dem Dokter de fräie Choix loossen fir liberal ze schaffen, oder, wa si dat wëllen, als Dokter-Salarié ze exercéieren.

De Jean-Claude Schmit begréisst d'Iddi vun engem Uni-Spidol, et misst een am Virfeld awer déi néideg Qualitéitskrittäre festleeën. Kuerzfristeg géif näischt dolaanscht féiere fir Dokteren op Lëtzebuerg ze zéien a Studente méi enk ze begleeden. An der leschter Zäit hätten et och scho Gespréicher mat der Studentenorganisatioun vun de Doktere gi fir de Status vun engem Salariatsdokter wärend der Stagezäit.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Gesondheet
Politik a Gesellschaft
Wëssenschaft