ALIM: Esou heescht vun elo un déi fréier ALIA, also d’Autorité luxembourgeoise Indépendante de l’audiovisuel. Mam neien Numm kritt d’Mediekontrollinstanz och nei Funktiounen: Net méi just déi traditionell audiovisuell Medien, wéi Radio an Tëlee, solle kënne kontrolléiert ginn, och déi geschriwwe Press, grad wéi sougenannten Influencer falen ënner hir Kontroll.
Déi delegéiert CSV-Medieministesch Elisabeth Margue huet um Dënschdegmoien der Press déi geplangten Ännerunge virgestallt.
Och Kommentarer op de Soziale Reseaue kënne bestrooft ginn
D’Autorité luxembourgeoise Indépendante des Medias, kuerz ALIM, wäert mam iwwerschaffte Gesetz net just kontrolléieren, mee och Strofe kënnen ausschwätzen. Dat an Héicht bis zu 250.000 Euro. Dat virun allem bei sougenanntem Contenu illicite, wéi d’Ministesch Elisabeth Margue erkläert.
"D'Gewalt, den Opruff zum Terrorismus, d'Verletzung vun der Dignité humaine, d'Pädopornografie: All dës Contenuen, déi zum Deel eeben och elo schonn als Contenu illicite op verschiddene Sourcë consideréiert waren, kënnen och als Contenu illicite anzestoen. An deementspriechend och kënnen dogéint virzegoen."
Dës Restriktioune gëllen iwwregens och ënner verschiddene Konditioune fir d'Commentairë vun de Benotzer, déi op de Soziale Reseaue gemaach ginn, huet d'Ministesch preziséiert.
D’ALIM kann an deem Fall de Fournisseur vum Contenu dozou opruffen, de Contenu erofzehuelen. Dat gëllt iwwerdeems och fir sougenannten Influencer.
Wéi vill Reechwäit een Influencer muss hunn, fir als solchen ze gëllen, misst d’ALIM selwer festhalen, esou d’CSV-Ministesch.
Personell soll opgestockt ginn
An der ALIM selwer wäerten d’Aufgaben dann och nei verdeelt ginn.
"Den Direkter kritt vill méi kloer d'Missioun fir den Daily Management ze maachen. An de Conseil kritt vill méi d'Roll, esou wéi dat u sech üblech ass, an enger Struktur mat zwee Gremien, vill méi Kontrollfunktioun an d'Surveillancefunktioun."
D’Ännerungen um Gesetz, dat nach vun 1991 ass, sollen den aktuellen Entwécklunge Rechnung droen, esou d’Ministesch, well d’Medielandschaft ëmmer méi divers géif ginn.
Och personell soll d’ALIM opgestockt ginn: Detailer géifen et beim Depot vum Budget um Mëttwoch ginn, esou nach d’Ministesch. De Gesetzesprojet war haut um Dënschdeg iwwerdeems och Sujet an der zoustänneger Chamberkommissioun.