Et géif een d‘Entwécklungen an den Nopeschlänner genee observéieren, mee d‘Warnungen hei am Land géifen net automatesch grenz-iwwerschreidend koordinéiert ginn, esou ee Spriecher vu MeteoLux géintiwwer Luxembourg Times.
MeteoLux hätt gëschter viru méiglechem Staarkreen gewarnt an och op Risike wéi Aquaplaning higewisen, heescht et weider. An a Soziale Medien hätt de Wiederdéngscht gëschter um Sonndegowend weider Detailer zu dem erwaarte Ree ginn.