De radio 100,7 an och eise Klassik-Sender opus gehéieren zu deenen 12 Senderen, déi geschwënn digital ausgestraalt ginn, genee wéi RTL, Eldoradio oder nach de Radio ARA. Mee et sinn och bis elo méi onbekannten Nimm dobäi, wéi Cruna Radio an Nostalgie Luxembourg.
Eng Grille d'évaluation gouf opgestallt
Den Thierry Zeien vum staatleche Service des médias huet am 100,7-Interview erkläert, wéi déi Selektioun gemaach gouf. Et hate sech nämlech eng ganz Rei Servicer gemellt, an eng Evaluatioun huet misse gemaach ginn. Déi ass entstanen op Basis vun de Krittären, déi am Gesetz stinn.
"Do gouf eng Grille d'évaluatioun opgestallt. Déi war och vun Ufank u bekannt, mat Punkten. Dorënner fält zum Beispill d'Valeurs informatives, culturelles et recreatives, d'Originalitéit vum Konzept vum Radio, d'Komplementaritéit zu der existéierender Offer. D'Kredibilitéit vum Dossier, d'Disponibilitéit vu Ressourcen etc. Och den Avis vun der Alia ass domat dran agefloss. An dorausser ass dann ee Ranking entstanen."
Déi 12 Senderen, déi am meeschte Punkte kruten, goufen zeréckbehalen.
Zweete Multiplex och méiglech
Et sinn awer och eng Rei Kandidaten eidel ausgaangen, well et hate sech méi wéi 12 där Sendere gemellt, fir eng Plaz ze kréien. Et kann awer sinn, datt déi Senderen iergendwann eng zweet Chance kréien, erkläert den Thierry Zeien.
"Deen éischte Multiplex, deen ass elo mol an enger éischter Phas voll. Et kann natierlech awer och ëmmer sinn, dass ee Service mat der Zäit ophält. Da gëtt een zweeten Appel à candidature lancéiert."
Et wäert och nach een zweete Multiplex en place gesat ginn. Deen adresséiert sech virun allem un d'Lokalradioen, esou den Thierry Zeien. Do wier een och a Kontakt mat der Federatioun vun de Lokalradioen, fir ze kucken, wéi ee sech do kéint opstellen. "A wann et elo e gréisseren Interêt gëtt, kann een natierlech näischt ausschléissen."
Virdeeler fir d'Nolauschterer an d'Nolauschterinnen
Wärend déi klassesch FM-Frequenzen hei am Land komplett ausgelaascht sinn, gëtt et bei der digitaler Diffusioun iwwer DAB+ nämlech d'Méiglechkeet, nach méi Senderen dobäizesetzen. Mee de Multiplex huet och e gewësse Käschtepunkt. Dee muss sech droen an dofir muss gekuckt ginn, wéi grouss den Interêt ass fir nach een zweeten oder drëtte Multiplex ze lancéieren.
An DAB+ versprécht iwwregens eng besser Klangqualitéit wéi dat, wat een de Moment gewinnt ass, sief et doheem oder och am Auto, wou den Empfang ausserdeem och am Tunnel gutt soll sinn. An egal wéi brauch een dofir een extra Apparat. Vill Autoe si schonn domat ausgerüst. Fir déi aner ginn et Adapteren, déi och mol net besonnesch an d'Geld solle goen.