Kloer wier awer, datt och d'Tëlee sech de Konsumente weider misst upassen. D'Stäerkt vun der Tëlee wier de Live, dat géifen eegen Zuelen och weisen. Dat kéint een awer net aus dem Näischt maachen, mee et bräicht een eng Basis an déi géif d'RTL-Tëlee liwweren.
"Dat heescht mat där Basis, déi mir aktuell hunn, mat deem Programm, dee mir all Dag liwweren, en Deel Magasinn, een Deel Journal, hu mir eng mega zolidd Basis."
RTL wier dofir gehale fir weider een héichwäertegen, qualitativ impeccabele Produit ze liwweren.
"An do gleewen ech drun, datt deen ëmmer eng Clientèle fënnt, wat och am Interesse ass vun deenen, déi et produzéieren an deenen déi et consomméieren. Well eppes dierf een net vergiessen: Eng Tëlee liwwert net just Info oder Ënnerhalung, si kreéiert och Gemeinschaft."
De Luc Marteling ass zënter 13 Méint Direkter fir Informatioun bei RTL. Hien huet virun eppes méi wéi engem Joer dee Poste vum Guy Weber iwwerholl, deen deemools an d'Pensioun gaangen ass.