arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Deprez schwätzt sech kloer fir e konventionéierte System aus

SANTÉ

|
headphones

3 min

Martine Deprez schwätzt sech kloer fir e konventionéierte System aus

No viller Kritik a Warnunge virun enger Zwee-Klasse-Medezin vun ënner anerem der Oppositioun, de Gewerkschaften an der Spidolsfederatioun huet d'Gesondheetsministesch sech um Donneschdeg kloer fir ee Bäibehale vum konventionéierte Gesondheetssystem an eenheetlechen Dokteschtariffer ausgeschwat.

headphones

3 min

Et wéilt ee wuel d'Offer am Extrahospitalier ausbauen, mee d'Spideeler dierften dobäi net geschwächt ginn, esou d'Martine Deprez an enger Äntwert op eng Question elargie vun der DP-Deputéiert Carole Hartmann.

Wéi am Koalitiounsaccord ugekënnegt, wéilt een den Extrahospitalier weider ausbauen, de Lien zu de Spideeler misst awer bestoe bleiwen, esou d'Martine Deprez. 

"Nee, eis Spideeler wäerten net geschwächt ginn"

Rezent goufe schonn zwee Amendementer gemaach, esou datt elo och kleng Interventiounen un der Haut an un den Aen dierfen ausserhalb vun de Spideeler gemaach ginn. 

"Domat sinn elo follgend Aktivitéiten ausserhalb vum Spidol op Initiativ vum Spidol méiglech: Alles wat d'Imagerie médicale ass, zum Beispill den IRM a Mammographie, d'Dialyse, d'Onkologie, net chirurgesch Agrëffer wéi Endoskopien an eeben déi manner komplizéiert Agrëff, déi ech elo grad genannt hunn."

De Patient soll déi nämmlecht Konditioune behalen

De Patient soll ënner deselwechte Konditioune wéi am Spidol op eng Behandlung kënnen zréckgräifen, fir hie leeft alles iwwer d'CNS, esou d'Gesondheetsministerin an der Chamber.

"Jo, och d'Doktere kréien eng änlech finanziell Ënnerstëtzung iwwer eng forfaitär Ofrechnung nieft hirem eigentleche medezineschen Akt, fir deen et schonn en Tarif gëtt."

Bis Ufank d'nächst Joer soll eng Modifikatioun vum Spidolsgesetz virgestallt ginn, déi et den Dokteren erméigleche soll eng Demande ze maache fir déi Aktivitéiten ausserhalb vun de Spideeler ze maachen. 

 "D'Demande muss esou wéi déi vun engem Spidol eragereecht ginn. De Finanzement gëtt genee d'selwecht ofgewéckelt, wéi wann ee Spidol esou ee Site bedreift. An d'Aarbechtskonditioune vum Personal mussen och déi selwecht sinn."

Bis Mëtt d'nächst Joer dann, wëllt de Gesondheetsministère e Katalog mat Prestatiounen an Aktivitéiten erstellen, déi ausserhalb vum Spidolsgesetz a Cabinete solle kënne gemaach ginn. Och hei soll de Finanzement deen nämmlechte bleiwe wéi fir d'Spideeler - fir de Patient soll sech also näischt um Präis oder um Remboursement änneren. D'Waardezäite sollen awer domat verkierzt ginn. 

Nodeems d’Doktesch an Zänndokteschassociatioun (AMMD) den 30. Oktober hir Konventioun mat der CNS gekënnegt hat, well si sech ënner anerem net iwwer eng Tarifautonomie an d’Méiglechkeet vu Finanzinvestisseuren an Dokteschgesellschaften mat der CNS eens gi sinn an dunn e Projet fir déi sougenannte Findel Clinic” public gouf, gouf et ëmmer nees Warnunge virun enger Kommerzialiséierung vun der Medezin an enger méi breeder Liberaliséierung vum Gesondheetssecteur.