arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Berufflech Pläng vum Ex-CNS-President Christian Oberlé suerge fir Tensiounen

Gesondheetskeess

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Berufflech Pläng vum Ex-CNS-President Christian Oberlé suerge fir Tensiounen

Den CNS-Verwaltungsrot refuséiert 100,7-Informatiounen no, datt de Christian Oberlé an der Gesondheetskeess als Fonctionnaire mat engem Temps partiel nominéiert gëtt, obwuel dat gesetzlech bei fréiere Verwaltungscheffe virgesinn ass.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Christian Oberlé | © Chris Zeien
Christian Oberlé (Foto: Chris Zeien)

Den 12. November huet den CNS-Verwaltungsrot (aacht Vertrieder vum Salariat, aacht vum Patronat an ee vum Staat) majoritär géint d'Nominatioun vum Christian Oberlé als Fonctionnaire an der CNS gestëmmt. 

Virworf vun Interessekonflikt

Méi Sourcen no kritiséiert de Verwaltungsrot e méiglechen Interessekonflikt, well de Christian Oberlé parallel zu sengem Beamtestatut rezent déi privat Beroderfirma LëtzConsult gegrënnt huet, déi op den 1. Januar mat hiren Aktivitéiten ufänke soll. Donieft, esou d'Kritik, wier ee vill ze spéit iwwer déi Pläng a Kenntnis gesat ginn an et wier net gutt, wann e fréiere President an Direkter an déi Verwaltung géif nominéiert ginn, an där hie virdru geschafft huet. 

IGSS suspendéiert de Vott vum CNS-Verwaltungsrot

D'Gesetz gesäit dat allerdéngs esou vir. D'IGSS (Inspection Générale de la Sécurité Sociale) ass eisen Informatiounen no zur Conclusioun komm, datt de Vott vum Verwaltungsrot vum 12. November géint d'Gesetz vun Dezember 2005 verstousse géif. Esou wéi de Code de la Sécurité Sociale et virgesäit, huet d'IGSS de Vott vum 12. November ausser Kraaft gesat. D'Gesondheetsministesch Martine Deprez (CSV) muss elo decidéieren, ob si de Vott annuléiert oder net. 

D'Martine Deprez  hat virum Vott vum 12. November nach proposéiert, datt de Christian Oberlé direkt no senger Nominatioun an der CNS kéint an de Gesondheetsministère detachéiert ginn. Hie géif do eng Tâche vu 40 Prozent kréie fir sech ëm d'Digitaliséierung vun der Santé ze bekëmmeren. Mee och dat huet d'Sozialpartner net berouegt. An enger éischter Versioun hat et geheescht, de Christian Oberlé géif Chargé de mission am Personalbüro vun der CNS ginn.

Martine Deprez: "Situatioun gëtt gepréift"

D'Ministesch sot eis géintiwwer, d'Situatioun géif den Ament juristesch am Gesondheetsministère gepréift ginn. Duerno géif si decidéieren, ob si de Vott vum 12. November annuléiert. Zum Virworf vun engem Interessekonflikt vum Christian Oberlé seet d'Martine Deprez, all Fonctionnaire mat enger Niewebeschäftegung misst déi ufroen. Dat wier an dësem Fall scho geschitt, mee et léich nach keng Äntwert vum Ministère vun der Fonction Publique vir. Et wier um Beamten ze kucken, ob hie bei senge Clienten oder Aktivitéiten en Interessekonflikt huet oder net. D'Ministesch verweist dobäi op de Beamtestatut. 

Christian Oberlé mécht méiglecherweis e Réckzéier

De Christian Oberlé huet an enger éischter Reaktioun kritiséiert, datt Informatiounen aus dem Verwaltungsrot vun der CNS an d'Ëffentlechkeet kommen. Dat wier grav. E puer Stonne virun der Publikatioun vun dësem Artikel huet de fréieren CNS-President eis nach eng Kéier kontaktéiert. Hien hätt der Ministesch per SMS geschriwwen, hie géif als Beamten demissionéieren. Hie wéilt seng nei Firma net a Gefor bréngen a géif seng Demissioun deemnächst nach formal per Bréif confirméieren. Wann dat geschitt, brauch d'Gesondheetsministesch sech net och nach mat der CNS unzeleeën, wärend si och aner schwiereg Dossieren ze meeschteren huet. 

play_arrow Lauschteren