arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ AMMD-President confirméiert, datt et intern Divergenze gouf

Dokteschassociatioun

|
headphones

3 min

headphones

1 min

play_arrow

AMMD-President confirméiert, datt et intern Divergenze gouf

D'Dokteschassociatioun AMMD gouf no hirer Kënnegung vun der Konventioun mat der CNS vun alle Säite kritiséiert. Och vu Memberen aus hirem eegene Verwaltungsrot. De President Chris Roller confirméiert, datt ee sech am CA réischt d'lescht Woch iwwer verschidde Fuerderungen eens gi wier.

headphones

3 min

headphones

1 min

play_arrow
© Michelle Barthel
(Foto: Michelle Barthel)

De Gesondheetssystem wier um Enn. Mat deene Wieder huet de President vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD, de Chris Roller, um Donneschdegmëtteg déi rezent Kënnegung vun der Konventioun tëschent der AMMD an der CNS begrënnt.

Nodeems d‘Dokteschassociatioun um Mëttwoch eng intern Newsletter un hir Membere geschéckt huet, huet si sech dunn och un d‘Press geriicht. De Chris Roller kritiséiert ënner anerem d’Gewerkschaften an de Gesondheetsministère. Déi hätte mat falschen Informatiounen d‘Intentioun gehat d‘Dokteren ze splécken.

Intern Meenungsverschiddenheeten

Awer och de Verwaltungsrot vun der AMMD war sech nach bis viru Kuerzem iwwer verschidde Sujeten net eens. Zum Beispill iwwer déi grouss Sträitfro, ob privat Investisseuren an Dokteschgesellschafte sollte bedeelegt sinn. De Chris Roller confirméiert, datt de Verwaltungsrot sech réischt d‘lescht Woch dorop gëeenegt hätt, déi Fuerderung ze sträichen. 

"Ech wëll zwar dozou soen, datt dat elo net d'Intentioun war vun der AMMD, fir ze soen, de Financier huet hei d'Iwwerhand, et sollt sinn, datt villäicht en Investissement derbäi ass, fir Strukturen opzebauen an datt déi Investisseuren och kee Matsproocherecht ënner Gouvernance hunn. Mee wéi gesot, dat hu mir elo ecartéiert."

Vu datt déi écartéiert wieren, misst een awer och och am Ambulatoire kucken, datt déi reell Fraise finanzéiert ginn. Dat mat Forfaiten, wéi et och an de Spideeler wier, datt eng besser ambulant Versuergung do méiglech wier, esou nach de Chris Roller.

D‘AMMD kritiséiert d‘Gouvernance vun der CNS sou wéi den aktuelle System wéi d‘Dokteschtariffer opgesat ginn. D’AMMD wéilt an de Verhandlunge fir eng nei Konventioun dee System reforméieren, sou datt d‘CNS net méi iwwer d‘Tarifikatioun dierft decidéieren, mee nëmmen nach ob a wéi vill si rembourséiert. 

"Keng Kommerzialiséierung vun der Medezin"

D’AMMD weist iwwerdeems de Reproche vun enger Kommerzialiséierung vun der Medezin zeréck. No hirer Kënnegung vun der Conventioun mat der CNS gouf et Warnungen a Kritik vun alle Säiten. Et wéilt een déi falsch Informatiounen an der Ëffentlechkeet opklären, esou d'AMMD. Bei verschiddene Fuerderungen ass d’AMMD zeréckgeruddert. Aner Kriticken, wéi déi vun der Kommerzialiséierung vun der Medezin, kann de President vun der AMMD Chris Roller, eegenen Aussoen no, net verstoen. 

 "Déi Accusatioune mat commercialisation de la médecine, déi diskutéiert ginn. Mir fannen, datt dat einfach e bëssen ideologesch, demagogesch gehandhaabt gëtt aus verschiddenen Ecken. Wat mir wëlle soen, dat ass also d'Medezin - an Dokteschgesellschaften, dat ass net gläichzestelle mat enger Marchandisation, mat enger Privatisatioun. Dat ass eng strukturéiert Kooperatioun, déi eebe bei den Dokteren an Zänndoktere gemaach gëtt an natierlech no den déi deontologesche Standarden."

 D’Dokteschassociatioun hätt iwwerdeems am leschte Mount bei hire Memberen net méi Demissioune gehat wéi soss, esou nach de Chris Roller.

play_arrow Lauschteren