De Premier hätt am Virfeld awer d'Informatioun am CSV-Nationalrot ginn. Do wieren all d'CSV-Deputéiert dobäi, erkläert de Marc Spautz. Hien hätt déi Sitzung als "ganz normal" ëmpfonnt. D'Tageblatt hat um Mëttwoch vu Spannungen an deem Kontext geschriwwen.
Deen Ament goufe wuel keng Detailer genannt, esou de Marc Spautz nach. D'Stoussrichtung an déi et soll goen, war awer kloer.
D‘Sozialministesch Martine Deprez, wëllt elo nach mat de Sozialpartner an de Jugendorganisatioune schwätzen. An da kënnt en Avant Projet de loi vun der Regierung, net éischter, esou de Marc Spautz.