search

/ Mam Trakter schéi Feierdeeg wënsche gëtt zur Traditioun

Landjugend a Jongbaueren

|
headphones

2 min

Mam Trakter schéi Feierdeeg wënsche gëtt zur Traditioun

Mat dekoréierten Traktere bréngt d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. haut um Freidegnomëtteg Feierdagsstëmmung an d’Stroossen vum Land. Och dëst Joer organiséiere si hire Christmas-Tour. Mat ronn 300 Traktere wënsche si de Leit op dës Manéier schéi Feierdeeg.

headphones

2 min

© Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
(Foto: Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren)

Vu 16:30 Auer u fueren si am Cortège laanscht verschidde Spideeler, Altersheemer a sozial Ariichtungen. Doriwwer eraus kräize si op hire 6 verschiddenen Tier Dierfer an allen Deeler aus dem Land.

Den Tour gëtt zënter 2020 organiséiert.

Inspiratioun aus dem Ausland

Well vill Leit wéinst der Pandemie deemools just en Deel vun hirer Famill konnte gesinn, respektiv eleng doheem waren, ass dës Iddi opkomm.

Et wier virun allem drëm gaangen, deene Leit entgéint ze kommen an eppes Guddes ze maachen. De Charel Ferring, President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l., erkläert, datt Evenementer an eisen Nopeschlänner d'Inspiratioun dozou ginn hunn.

"An iwwer d'Joren hu mir gemierkt, dass d'Leit dat nach wie vor extrem flott fannen. Et sinn extrem vill Leit, déi ënnerwee kucke kommen. Eist Haaptzil bleift nach ëmmer, déi sozial Ariichtungen, wéi Klinicken, Fleegeheimer, etc. Mir fueren awer och soss riets a lénks gären duerch d'Land, fir ze probéieren dat ganzt Land ofzedecken, well een awer gesäit, dass iwwerall Leit kucke kommen an een zemools och klenge Kanner eng riseg Freed domadder maache kann."

play_arrow Charel Ferring

Tour gëtt net kommerzialiséiert

Iwwerdeems wollt de Charel Ferring ënnersträichen, datt dësen Tour réng benevole ass. Et wier eng Rei Kéiere gefrot ginn, et ze kommerzialiséieren, mee vun der Organisateure gouf ëmmer nees decidéiert, kee Gewënn aus dem Tour ze zéien.