Fir de Méindeg de Moie gëllt eng nei Wiederwarnung. Vun 3 bis 10 Auer (3 bis 8 Auer am Guttland) kann Äisreen erofkommen, deen dann natierlech fir glat Stroosse suergt. Dono leien d'Temperaturen iwwert dem Gefréierpunkt an et gëtt nach Reen.
ℹ️❄️🧊 Fir e Méindeg am fréie Mueren (03h bis 09h) deit sech e gréisseren Risiko fir gefréierende Reen un! Den geneen Verlaf ass nach onsécher wéinst der wellender Frontenstruktur. Mir bleiwen drun. Aktuell Aschätzung vum @ECMWF-Modell 👇🏻 /LM pic.twitter.com/5rH9XgSCNd
— MeteoLux (@Meteo_Lux) January 10, 2026
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg louchen d'Temperaturen däitlech ënnert dem Gefréierpunkt. Déi nidderegst Temperatur, déi um Findel gemooss gouf, louch bei -4,1 Grad. Am Eislek war et nach méi kal. Nom ville Wand an de leschten Deeg goufe bis haut awer just nach maximal Wandspëtzte vun 22 km/h gemooss.