De Gesamtkäschtepunkt soll dem Devis estimatif no bei 11 Milliounen Euro leien. 8,4 Milliounen dovu si fir d’Rekonstruktioun an 1,6 Millioune fir nei Ëmstrukturéierungen.
Präisser nach net sécher
Een Deel vun de Käschte fir den Erëmopbau entstinn, well net méi esou kéint gebaut ginn wéi 2004, huet de Buergermeeschter preziséiert. Déi genee Präisser wäerte réischt bei den Ausschreiwungen erauskommen. De Ben Ries rechent domat, datt d’Assurance 7,6 Milliounen Euro iwwerhëlt.
Den DP-Buergermeeschter geet dovun aus, datt d’Aarbechten Enn vun dësem Joer ufänken a ronn zwee Joer laang dauere wäerten.
Wéi ass et zum Groussbrand komm?
D’Feier war de 26. Januar 2024 duerch Schweessaarbechten um Daach vum Gemengenhaus zu Jonglënster entstanen. Réischt de leschten November war eng Eenegung tëschent der Gemeng an den Assurancë fonnt ginn.