De fréieren CSV-Minister hat schonn ugekënnegt, datt hien net bis déi nächst Gemengewale géif säi Buergermeeschterposte fäerdeg maachen. Dat huet hien elo nach eemol op RTL confirméiert.
De Jean-Marie Halsdorf ass zënter 1988 zu Péiteng am Gemengerot a war ufanks den 2000er Jore schonn eemol Buergermeeschter, ier hien an d'Regierung komm ass.