D’Fra aus dem Finanzservice vun der Gemeng war revoquéiert ginn, obwuel Delegéierter jo besonnesch géint eng Ofsetzung ofgeséchert sinn.
No Entloossunge schaffen zwee Mataarbechter rëm op der Gemeng
Domat sinn déi zwee Mataarbechter, déi am Zesummenhank mam schlechten Aarbechtsklima op der Gemeng entlooss gi waren, reintegréiert.
Am September hat nämlech en anere Mataarbechter, deen och am Dezember 2024 entlooss gi war, do nees ugefaange mat schaffen. Hien huet awer an der Tëschenzäit intern gewiesselt.
D’Mataarbechter hate viru Geriicht geklot
Déi zwee Mataarbechter ware geriichtlech géint hir Entloossung virgaangen. Zu Conter hat et iwwer Méint Diskussiounen iwwer d’Aarbechtsklima an d’Personalgestioun vun der Gemeng ginn.
De viregte Schäfferot vun CSV an LSAP war no Sträit ausenee gebrach a war duerch eng Koalitioun vun DP, LSAP an déi gréng ersat ginn.