arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och d'Lëtzebuerger Bauerenzentral ass rosen iwwer Mercosur-Handelsaccord

An engem Communiqué

|
headphones

1 min

Och d'Lëtzebuerger Bauerenzentral ass rosen iwwer Mercosur-Handelsaccord

D‘Erliichterunge fir d‘Baueren, déi d‘EU-Landwirtschaftsministeren no de Protester decidéiert hunn, wieren net méi wéi “e Figeblat” - also reng symbolesch Mesuren - fir d‘Bauere roueg ze stellen, esou heescht et an engem Communiqué vun der Bauerenzentral.

headphones

1 min

Bauereprotester zu Paräis den 8. Januar 2026 | © picture alliance / NurPhoto | Adnan Farzat
Bauereprotester zu Paräis den 8. Januar 2026 (Foto: picture alliance / NurPhoto | Adnan Farzat)

Dat wat d‘EU-Kommissioun presentéiert huet, géif wäit hannert den Erwaardunge bleiwen. D‘Bauerenzentral ass virun allem och enttäuscht vun der Lëtzebuerger Regierung.

“Vun Enttäuschung bis zur Roserei”

Aner Memberstaaten hätten hir Landwirtschaft verteidegt, mee Lëtzebuerg wier ganz zeréckhalend gewiescht. Esou géif weder Solidaritéit nach Wäertschätzung fir déi national Landwirtschaft ausgesinn, esou nach d‘Bauerenzentral.