Et kuckt een op eng Saison zeréck, déi fir d’Riewe gutt waren, och wann d’Dréchent am Fréijoer de Volume un Drauwen erofgedréckt hätt, erkläert de Serge Fischer vum Wäibauinstitut.
"Wat awer och elo net verkéiert ass, well et huet jo esou e Rapport tëscht Qualitéit a Quantitéit am Wäibau. Dat heescht, wann ee méi niddreg Quantitéit huet, ass d'Qualitéit och tendenziell besser."
D’Lies huet dëst Joer op en Neits méi fréi ugefaangen ewéi nach virun e puer Joren, mat ronn zwou Wochen Avance. An d’Drauwe waren och gutt zeideg.
Net kal genuch fir Äiswäin
Am Summer huet et zwar ëmmer rëm gereent, mee et goufe kaum Problemer mat Pilz, wéi dat soss emol de Fall ass.
De ville Reen am September war fir d’Qualitéit och kee Problem. Duerch de Klimawandel wäert et awer éischter an Zukunft keen Äiswäin méi ginn, betount de Serge Fischer. Fir datt d‘Drauwe fréieren, mussen et nämlech Minus 7 Grad ginn. Dat war an de leschte Joren net dacks de Fall.
"A wann dann éischter Januar Februar, mee bis da sinn d'Drauwen awer scho laang vum Stack gefall, soudatt, jo, déi Äiswäinproduktioun éischter vill méi rar gëtt."
Roude Wäin gëtt am mannste consomméiert
Europawäit géif de Konsum u Wäin erofgoen. Allerdéngs sinn d’Perspektive fir déi wäiss Wäiner an d’Roséë besser, präziséiert de Serge Fischer.
"Mee wann ee ganz genau kuckt, gesäit een awer, datt alles, wat elo mousseux ass, Cremanten an esou weider, sech deelweis an d'Luucht geet, respektiv hien um Marché stagnéiert."
Virun allem roude Wäi géif manner consomméiert ginn. Well an dëse Regiounen éischter Wäisswäin oder Rosé ugebaut gëtt, wier een also gutt opgestallt, esou nach de Serge Fischer.