Hei wieren Äppel mat Biere verglach ginn, seet de Landesuebstbauveräin. D‘Leit wiere veronséchert, d‘Produzente pauschal verurteelt, an de ganze Beruffsstand diffaméiert ginn.
Uebstbauveräin invitéiert de Mouvement op eng Table ronde
All d‘Réckstänn vu Chemikalië beim Lëtzebuerger Uebst wieren ënner dem Grenzberäich. Dat géife Kontrolle weisen.
De Veräi weist dann och drop hin, datt si an de modernen Anlage fir d‘Biodiversitéit suergen. Notamment hätte vill Uebstbauere Beiestäck an hire Plantagen.
Den Uebstbauveräin invitéiert de Mouvement op eng Table ronde fir Onkloerheeten aus dem Wee ze raumen.
Och de Ministère huet scho reagéiert
De Landwirtschaftsministère hat gëschter um Freideg schonn op dës Etüd - déi och vum Kollektiv PAN Europe, dee sech géint den Asaz vu Pestiziden asetzt - duerchgefouert ginn ass, reagéiert.