Wéi soll eis Liewensmëttelversuergung am Joer 2050 ausgesinn? Dës Fro steet am Mëttelpunkt vum neie Projet “Visioun 2050”, deen d’IBLA – d’Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agroekologie – lancéiert huet. D’Zil ass et, konkret Weeër ze fannen, wéi d’Landwirtschaft a Lëtzebuerg sech nohalteg entwéckele kann, fir och an Zukunft qualitativ héichwäerteg Liewensmëttel ze produzéieren.
D‘Stéphanie Zimmer, Directrice vum IBLA, mécht an dem Kontext och op d‘Erausfuerderungen opmierksam. Besonnesch wichteg wier dobäi d‘Fro, wéi gläichzäiteg d‘Klimaziler an d‘Biodiversitéit an och d‘Baueren an d‘Konsumenten an der Landwirtschaft respektéiert kënne ginn.
"Eng grouss Fro ass natierlech Import Export. Wëlle mer eise Selbstversorgungsgrad hei zu Lëtzebuerg erhéijen? Awer wéi maache mer dat? Mat deem, wat mer hei produzéieren? Vläicht flächegebonne Landwirtschaft? Oder importéiere mer gäre Betribsmëttel wéi Fuddermëttel a Co. fir d'Déieren hei kënnen ze ernären an dann eppes ze produzéieren?"
Egal wéi eng Decisioun een hëlt, géifen „drastesch Ännerunge“ kommen, wann ee Klima- a Biodiversitéitsziler erreeche wéilt. Do misst een och kucken, wéi d‘Baueren dat wirtschaftlech iwwerliewe kéinten. Et dierf een dat net op de Schëllere vun de Baueren ausdroen.