Trifluoressegsaier, wéi TFA richteg heescht ass a gréissere Quantitéite gesondheetsschiedlech a baut sech net komplett an der Natur of. Den Helmut Burtscher-Schaden, Ëmweltchemiker erkläert, dat de Kontaminatiounsniveau 100 bis 1.000 Mol méi héich ass, wéi d‘Basiswäerter a Reewaasser, Drénkwaasser oder Uewerflächewaasser. Och déi Basiswäerter wiere schonn héich, seet den Helmut Burtscher-Schaden.
"Souguer méi besuergniserreegend, ass den dramateschen an héijen Opschwong bei der TFA-Kontaminatioun, mat dem mir eis elo konfrontéiert gesinn. Dat ass eng ganz verstéierend Entdeckung, déi mer net erwaart hunn."
Déi rasant Croissance vun TFA a Wäiner erkläert sech och doduerch, datt vill mat sougenannte PFAS-Pestizide gesprëtzt gëtt. De Mouvement Écologique ass Member vum PAN Europe Netzwierk. An engem Communiqué, dee sech op d‘Analys vu PAN Europe baséiert, fuerdert de Mouveco, datt d'EU d'Zouloossung fir Pestizide mat TFA zeréckzitt.