Déi meeschten Aarbechtsplazen, bal 70 Prozent, fënnt een, ouni Iwwerraschung, am Zentrum an am Süde vum Land.
Do gouf et och wéineg Changementer am Verglach mat der Vollekszielung 10 Joer virdrun. Haapt pôle-d‘emploi war 2021 d‘Haaptstad, mat iwwer 80.000 Aarbechtsplazen, bei awer nëmme ronn 34.000 aktive Residenten.