Radioen

On air

Concert  |  La France fantastique

play_arrow Live
search

/ Maçonlux: Aarbechter goufe vun de Gewerkschaften iwwer weider Prozedur informéiert

No Faillite

Maçonlux: Aarbechter goufe vun de Gewerkschaften iwwer weider Prozedur informéiert

En Dënschdeg goufen am Escher Peupel Victoirë bei de Sozialwale gefeiert. Haut du goung et op där selwechter Plaz ëm déi batter Realitéit vun enger Betribsfaillite. E Freideg war nämlech déi vun der Firma Maçonlux gesprach ginn, vun där eng 90 Aarbechter betraff waren. De Moie koumen 78 Mataarbechter, dorënner zwou Fraen, bei den OGBL op eng Informatiounsversammlung. Vu jonk bis al waren all d’Alterskategorië vertrueden, an d’Gesiichter vun de Betraffene waren zum Deel besuergt.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Eng grouss Mënschendrauf gouf et kuerz virun 9 Auer de Moie beim Escher Peupel. Si huet aus den Ex-Mataarbechter vu Maçonlux bestanen, enger Firma aus dem Bausecteur, déi zwar nach Opträg, awer keng Liquiditéite méi hat. D’Problemer goufe ganz konkret, wéi en Zouliwwerer, deen eng Rechnung vun net grad 30.000 Euro opstoen hat, d’Handelsgeriicht ageschalt huet.

Et hätt een d’Faillite komme gesinn, esou de Moien ee vun de Concernéierten. Et hätt schonn zanter sechs Joer Problemer mat Bezuele ginn, an de Patron hätt gemaach, wat e wollt.

Mataarbechter: Faillite war ofzegesinn

Och fir en zweeten Ex-Mataarbechter war d’Faillite virauszegesinn. “Ca date pas d’aujourd’hui. Ca fait 4-5 ans.“ Op d’Fro, wéi dat esou laang konnt schleefen, war deem eppes méi ale Mann seng Äntwert déi heiten: "Ben, ca, voyez avec les syndicats.“

Den OGBL war zanter de Sozialwale vun der leschter Woch majoritär am Betrib. En drëtte Mann, méi jonk, huet d’Problemer gesi kommen, wéi d’Pai net méi koum. Hien hätt am Ganze wärend fënnef Méint keng Pai méi kritt. Wat seng Zukunft ugeet, sicht de Mann elo no enger neier Schaff.

OGBL: Aner Baufirme siche Leit

Wat, wéi de Jean-Luc de Matteis vum OGBL et ugedeit huet, net onméiglech wier, well aner Firmaen esou Leit siche géifen.

Haut kruten déi virun allem mol Informatiounen, si konnten hir Froe stellen an hunn déi néideg Formulairen ausgedeelt kritt, elo heescht et anerwäerts ënnerzekommen. Wat war dann d'Haaptfro vun de Leit, déi op der Versammlung present waren? Et wiere meeschtens déi selwecht Froen, esou de Joe Gomes.

“Wat fir eng Zommen däerf ech reklaméieren? Wéi laang dauert et mam Ausbezuelen? Muss ech mech dann direkt bei der ADEM mellen oder net? Ech wunnen net hei am Land: Wat sinn d’Prozeduren? Bei wat fir eng Agence kann ech nach reklaméiere goen? Dat sinn déi meescht Froen, déi mer da kréien."

D'Gewerkschaftler selwer stellen dann awer och Froen, wéi de Joe Gomes vum OGBL erkläert: Wien ass am Congé parental? Wien ass am Reclassement interne? Dat wier och wichteg ze wëssen, well et do aner Delaie ginn, an do sinn och aner Organismen, déi een informéiere sollt, esou de Joe Gomes. 

Fir de Gewerkschaftler sinn d’Aarbechter all an engem Alter, wou si nach eppes fanne kéinten. Si wäre Spezialisten, déi um Terrain gefrot sinn, soudatt aus hinne keng Laangzäitchômeuren dierfte ginn, esou de Joe Gomes.

Lauschterenplay_arrow