Et ass de fënneftenTronçon fir déi éischten Tramslinn.
Mat deem neien Tronçon vu ronn 3,9 Kilometer, ass d'Linn 1 vum Tram elo am ganze 16 Kilometer laang. Do virdru gouf et eng Streck vum Kierchbierg vun der Luxexpo bis op d'Stäreplaz, duerno ass den Tram bis op d'Gare gefuer, da bis op Bouneweg an da bis an de Stadion p der Cloche d'Or.
Tëschent dem Stadion an dem Findel sinn et da 24 Statiounen, dovunner 10 multimodal Poles d’échange, wou een also vum Tram op den Zuch, Bus oder Auto kann ëmklammen. A fir dës Etapp bis op de Findel kann een entweder um Héienhaff an de Park and Ride oder um Findel an de Fliger sprangen.
Luxexpo - Findel a 7 Minutten
No der Luxexpo um Kierchbierg fiert den Tram iwwert eng Bréck déi 110 Meter laang, 10 Meter breet an 8 Meter héich ass. Déi erlaabt et iwwert d’Autobunn ze fueren, Dono verleeft den Tracé vum Tram laanscht d’Autobunn. Beim Flughafen entsteet een neie begréngte Boulevard, deen iwwert d’Aktivitéitszone féiert.
Vu der Luxexpo bis op de Findel brauch ee fir déi 3,9 Kilometer ronn 7 Minutten. Zum Deel fiert den Tram mat enger Vitesse vu 70 Kilometer an der Stonn.
De Public ka vun 12 Auer un de Sonndeg mam Tram bis op de Findel fueren.
D'Erweiderung vum Reseau geet virun
D’Baggere wäerten no dëser Aweiung net laang rouen: Am Mee fänken d’Aarbechten um Kierchbierg um Boulevard Konrad Adenauer un. Déi Streck féiert laanscht d’BEI an d’Europaschoul, a soll begréngt ginn. Fir d’Rentrée 2027 ass do d’Aweiung virgesinn. Dono komme Laangfur a Kuebebierg bis hin zur Luxexpo bis 2030 derbäi.
D’Escher Strooss, déi d’Ceinture vun der Stad komplettéiert, soll bis 2031 ofgeschloss ginn. Hollerech soll dann 2029 operationell sinn.
Parallel gëtt awer och un de Finanzéierungsgesetzer vun de geplangten neie Strecke geschafft, preziséiert d’Transport- an Infrastrukturministerin Yuriko Backes. Dat sinn d’Strecken op der Areler Strooss, der Escher Strooss, Nei Hollerech an de séieren Tram.
Bis 2035 op Bieles
Fir de séieren Tram, dee bis op de Bieles soll fueren, ass elo gewosst, wou e wäert stallhalen, preziséiert den Helge Dorstewitz, Direkter vun der Luxtram Gesellschaft.
"Es ist alles festgelegt worden. Es sind die Stationen, die ja schon mehrfach diskutiert oder mehrfach vorgestellt worden sind. Das ist einmal Leudelange, dann Pontpierre, Foetz, und dann sozusagen ab Metzeschmelz, wäre man dann ja sozusagen im Stadtgebiet von Esch, bis dann nach Belvaux-Mairie."
Den Tram kéim 2035 zu Bieles un. A wann ee vun engem séieren Tram schwätzt, vu wéi enger Vitesse schwätzt een do, Helge Dorstewitz?
"Die Spitzengeschwindigkeit wird bei zirka 80 Kilometer in der Stunde liegen. Das ist sozusagen die Tram-Geschwindigkeit und die Vitesse commerciale wird so bei 50 Stundenkilometer liegen, wenn mat alles dazu rechnet, also Beschleunigungsstreifen, Bremsphasen, Stationshalt und so weiter. Das ist schon eine hohe Geschwindigkeit."
Konkurrenz fir den Zuch?
De séieren Tram wäert net a Konkurrenz stoe mat der Eisebunn, a net méi séier ukommen ewéi den Zuch. En huet eng aner Funktioun, erkläert d’Transportministerin Yuriko Backes.
"Fir mech ass et wichteg, datt mir de Leit de Choix ubidden, wéi si vun enger Plaz op déi aner kommen. De séieren Tram, (...) dat ass een Tram wou net esouvill Haltestelle sinn, mee dass een awer ganz kamoud, ganz confortabel vun der Stad op Esch Belval a Bieles kënnt."
Den Helge Dorstewitz betount sengersäits, datt den Zuch wuel ëmmer méi séier wier, mee d’Passagéier wëllen och op aner Plaze fueren.
"Es ist so, mit der Tram fahren Sie direkt duerch die Stadt. Wenn sie die direkte Transportzeit Bahnhof-Bahnhof vergleichen, ist die CFL auf jeden Fall schneller, und es wird immer schneller sein. Aber das eigentliche Reiseziel der Leute ist ja nicht der Bahnhof. Mit uns kann man direkt in die Stadt fahren und was man auch nicht vergessen darf, das ist, dass es auch zwischen der Stadt Luxemburg und der Stadt Esch auch wichtige Pôles d’emploi gibt, also Leudelange und Foetz."
De Plan national de mobilité 2040
Den Transportministère kuckt awer scho méi wäit an d’Zukunft: Et wier een am gaangen de Plan national mobilité 2040 auszeschaffen. Et geet drëms, d’Besoinen ze identifizéieren, a nei Projeten an d’Weeër ze leeden. D’Yuriko Backes géif gären nei Konzepter fir déi sougenannte Pôle d’échangen ausschaffen.
"Datt dat net nëmmen eppes Funktionnelles ass, wou d’Leit doduerch lafen, mee wou ee villäicht och Loscht huet dran ze si fir ee Café ze drénken, fir eppes ze kafen. Dat ass e bëssen eng aner Aart a Weis fir ze denken. Ech kennen dat och méi aus dem Ausland."