Radioen

On air

Kultur um 5  |  Filmkritik: "I'm Still Here"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trajet op d’Aarbecht: Den Auto bleift dat beléiftsten Transportmëttel, mee fir wéi laang nach?

Mobilitéit

Trajet op d’Aarbecht: Den Auto bleift dat beléiftsten Transportmëttel, mee fir wéi laang nach?

69 Prozent vun de Leit, déi hei am Land schaffen, fuere mam Auto op d'Aarbecht. Dat huet eng rezent Etüd vum Statec gewisen. D'Etüd baséiert sech zwar op Donnéeë vun 2021, mee se liwwert awer ganz interessant Erkenntnisser. 

auto_stories

3 min

headphones

7 min

© picture alliance / ATP play_arrow
(Foto: picture alliance / ATP )

Am Joer 2011 hunn 72 Prozent vun de Leit den Auto geholl fir op d'Schaff ze kommen. 10 Joer méi spéit ass dëse Pourcentage just minimal ëm 3 Prozent erofgaangen. Den Undeel vu Leit, déi den ëffentlechen Transport fir op d'Aarbecht huelen ass am selwechten Zäitraum stabel bei 17 Prozent bliwwen. 

Statistike just eng Momentopnam

De Yann Ferro vum LISER huet bei der Auswäertung vun den Donnéeë gehollef. Hie betount am 100,7-Interview, datt d'Mesüren, déi um Terrain geholl goufen, eréischt méi spéit Afloss op d'Statistiken huelen. Ee Beispill ass den Tram. Deen ass 2017 ageweit ginn an eréischt no an no ausgebaut ginn. Dobäi kënnt, datt d'Leit Zäit brauchen, fir sech un d'Offer ze gewinnen a se alldeeglech ze notzen, seet de Yann Ferro.

De gratis ëffentlechen Transport gouf 2020 ageféiert. Ze rezent fir ee reellen Afloss op d'Statistiken ze hunn. 

Positiv Indicen

Och wann duerch d'Covid-Pandemie den Auto nees méi genotzt gouf, esou ass sech de Yann Ferro sécher, datt bei der Luxmobil 2025 Etüd erauskomme wäert, datt den Auto an Tëschenzäit nees manner beléift ass.

Och den Trend beim ëffentlechen Transport schwätzt dofir, wann ee weess, datt d'Zuel vun Zuchpassagéier vu 25 Milliounen am Joer 2019 op 31,3 Milliounen am Joer 2024 geklommen ass, a sech d'Frequentatioun vum Tram am selwechten Zäitraum quasi verfënneffacht huet.

Jidderee geet op seng perséinlech Besoinen an

D'Etüd vum Statec weist allerdéngs och, datt den Auto ëmmer nach dat séiersten Transportmëttel ass fir vun egal wou am Land an d'Stad ze kommen. De Risiko besteet, datt soulaang dat de Fall ass, den Auto och dat beléiftsten Transportmëttel bleift. Mee d'Zäit wier net déi eenzeg Variabel, déi de Choix vum Transportmëttel beaflosst, esou de Yann Ferro. "Eng Famill mat ville Kanner géing warscheinlech ëmmer den Auto virzéien, och wann den ëffentlechen Transport méi séier ass, well se aner Besoinen huet."

D'Etüd weist och, datt Leit, déi am ëffentlechen Déngscht schaffen, bäi Wäitem déi sinn, déi am meeschten op den Auto zeréckgräifen. Hei spillen zwee Facteuren eng Roll: D'Notze vun engem Déngschtwon an d'Offer vun enger Parkplaz. Mee de Yann Ferro betount, datt et ganz schwéier ass, d'Grënn vum Transport-Choix ze hierarchiséieren. Hei probéiert eebe jiddereen, op seng perséinlech Besoinen anzegoen.

Lauschterenplay_arrow