Radioen

On air

Notturno  |  Cristobal And The Sea - Steal My Phone

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Liberty Steel: Nei Gespréichsronn am Wirtschaftsministère

Fuerderunge vun de Gewerkschaften

Liberty Steel: Nei Gespréichsronn am Wirtschaftsministère

Et schéngt eng Geschicht ouni Enn ze sinn: Zanter véier Joer waarden d’Salariéë vu Liberty Steel zu Diddeleng dorop, datt iwwer d’Zukunft vun hirem Wierk decidéiert gëtt. Déi ronn 160 Leit, déi nach offiziell do schaffen, hoffen elo op eng weider Gespréichsronn um Méindeg am Wirtschaftsministère, déi d’Gewerkschaften ugefrot hunn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Déi 160 Mataarbechter vu Liberty Steel zu Diddeleng hunn zanter bal zwee Joer näischt méi ze dinn. Am Wierk gouf Stol fir d’Auto-Industrie verschafft. D’Demande wier do, heescht et. Mee zanter de brittesche Geschäftsmann Sanjeev Gupta d’Wierk 2019 vun ArcelorMittal ofkaaft hat, huet d’Situatioun sech verschlechtert.

De Besëtzer hat Ufank 2020 ugekënnegt, 100 Milliounen Euro an d’Wierker zu Léck an zu Diddeleng ze investéieren, wat awer net geschitt ass.

Elo wëllt d’Direktioun op en Neits ee Plan de maintien dans l’emploi fir déi Beschäftegt zu Diddeleng: Ouni Garantië géif dat awer net goen, erkläert de Stefano Araujo vum OGBL.

"Et geet ëm ëffentlech Gelder, an déi kënne mir einfach net an d'Poubelle geheien. Lo si mir ee Joer méi spéit an de Betrib wëll eis dës Kéier nach eemol sollicitéiere fir nach eemol ee PME ze ënnerschreiwen, awer dës Kéier net fir d'Käschten ze reduzéieren, mee fir d'Paien ze bezuelen. An do stellt sech dann d'Fro vun de Paien. An dës Kéier nach méi akut wéi virdrun. An dofir hu mir als OGBL och déi Entrevue bei de Ministère gefrot fir de Punkt erëm ze maache vun der Situatioun."

Och den LCGB gesäit am Gespréich am Wirtschaftsministère virun allem zwou Optiounen: eemol préiwen, ob net awer ee seriéise Repreneur ka fonnt ginn, fir d’Wierk erëm un d’Lafen ze kréien. Oder awer fir dee schlëmmste Fall virzebauen, esou de Robert Fornieri vum LCGB.

"Et d'une autre part avec le ministre du travail assurait que si on doit passer par un scénario-catastrophe, par un cas de faillite, ce qu'on n'espère pas mais on s'assure au moins que tous les moyens possibles vont être mis en place pour éviter une perte salariale franche."

Ob bei de Gespréicher um Méindegmoien - bei deenen d’Direktioun net dobäi ass - eng Léisung fonnt gëtt, ass alles anescht wéi sécher. Sécher ass awer, datt d’Regierung an d’Gewerkschaften an dësem Dossier un engem Strang zéien.

Lauschterenplay_arrow