Bal jidderee kennt déi heite Situatioun: Am Supermarché déisäits der Grenz kascht hoergenee dat nämmlecht Wäschmëttel een Euro manner. Oder awer ee belsche Consommateur kritt ee franséische Kéis vun där nämmlechter Marque bei eis fir d’Hallschent vum Präis an der Belsch offréiert.
D’Präisënnerscheeder hunn net onbedéngt eppes domat ze dinn, datt déi eng Supermarchéë méi drop schloe wéi déi aner.
Grossisten deele sech de Marché selwer ënnereneen op
Den europäesche Bannemarché ass vill méi a verschidden Territoire opgedeelt. An déi gi vun de Grossiste selwer definéiert. Dat misst sech änneren, fuerdert zënter Joren ënner anerem Lëtzebuerg.
Net all Commerce kann do akafe, wou e wëll, erkläert de Wirtschaftsminister Lex Delles. D’Grossisten deele sech de Marché ënnereneen op. An dat verstéisst bis elo net géint EU-Recht.
"Dat heescht, een zu Lëtzebuerg, kann net bei e Grossist an Däitschland oder a Frankräich goen, mee hie muss eventuell bei e Grossist an der Belsch goen. Wat mat sech bréngt, datt et eebe grad dee Produit, deen en da wëll, vläicht an deem Land guer net gëtt oder datt en en zu engem ganz anere Präis kritt wéi deen, deen en am Fong an engem anere Land kann hunn."
Iwwer zwee Drëttel vun de Commercen zu Lëtzebuerg betraff
Enger Etude vun der EU-Kommissioun no kéinte Consommateuren an der ganzer EU iwwer 14 Milliarden Euro spueren, wann déi Contrainte géifen ewechfalen. Betraff wieren an der EU 17 vun de 27 Memberlänner. Zu Lëtzebuerg sinn d’Envergure si grouss, sou de Wirtschaftsminister.
"Mir hu verschidden Analyse gemaach, zesumme mat der Luxembourg Confederation, wou ee gesäit, datt ronn 77 Prozent vun de Commercen zu Lëtzebuerg direkt dovunner betraff sinn an dat och als grousse Problem zu Lëtzebuerg gesinn."
Lex Delles: Mir brauchen eng Ouverture vum Marché
D’Benelux-Länner weisen zënter Joren op dee Problem hin. Et muss eng kloer Reglementatioun hir, fuerdert den DP-Minister.
"Et misst eng Ouverture am Marché kommen, datt ee seet, mee jo all Produit kann an all Land an der EU verkaf ginn. A genau dorunner musse mir schaffen."
D’EU-Kommissioun huet de Sujet des Woch eng éischte Kéier opgegraff. Si wëll eng Propos op den Dësch leen, heescht an engem Strategie-Pabeier. Allerdéngs eréischt am Hierscht 2026.
Ëmmerhi Beweegung an d’Spill, sou de Lex Delles.
"Mir waarden elo scho ganz vill Joren drop, lo kënnt et net op e puer Méint un. Ech menge mir mussen hei wierklech weiderkommen an deem Sujet."
Iwwer dee Sujet soll um Donneschdeg zu Bréissel op der Reunioun vun den zoustännege Ministeren diskutéiert ginn.