arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gérard Thein: Logementskris weist sech och am Déifbau

FJD

|
headphones

2 min

Gérard Thein: Logementskris weist sech och am Déifbau

De Gerard Thein ass neie President vun der Fédération des jeunes dirigeants zu Lëtzebuerg. Selwer féiert hien am Süde vum Land eng Entreprise am Déifbau, also am Beräich vun allem, wat Stroossebau oder soss Infrastrukture sinn.

headphones

2 min

De Gerard Thein ass neie President vun der Fédération des jeunes dirigeants. | © Jo Diseviscourt
De Gerard Thein ass neie President vun der Fédération des jeunes dirigeants. (Foto: Jo Diseviscourt)

Den Déifbau wier awer net kloer vum Héichbau ze trennen. Den Héichbau ass an der Haaptsaach de Logement.

"Am Moment brauche mir Incentives einfach fir den Héichbau, dee mir brauchen. Ob et vun de Banken ass, ob et vum Staat ass (...). Mir mussen den Incentive hunn, fir den Héichbau rëm u goen ze kréien, well et ass de Motor fir alles dat, wat hannendru kënnt. Dat heescht, och d'Handwierk an och eist ganz soziaalt Liewen hannendrun hänkt dorunner."

De Gérard Thein ass d'lescht Woch als neie President vun der FJD gewielt ginn. Dat fir maximal ee Joer, esou wéi dat üblech ass bei de jonke Leeder vun Entreprisen. Et wier wichteg, neie Wand eranzebréngen, d'Ekipp reegeméisseg ze wiesselen an neien Iddië Plaz ze maachen. 

Verännerungen a Reformen néideg

Fir seng Zäit als President wëllt hien, zesumme mat hire Memberen, der Fro nogoen, wéi Lëtzebuerg kéint bleiwen, wat et ass. Mat där Fro géif ee sech elo dat ganzt Joer iwwer beschäftegen. Fir dat ze bleiwen, wat Lëtzebuerg wier, misste Verännerungen a Reformen duerchgeféiert ginn, mengt de Gérard Thein.

D'FJD, déi sech selwer als Denkfabrik gesinn, wëllen am Laf vum Joer der Politik an de Leit aus der Privatwirtschaft hir Porpose presentéieren.