arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Entloossunge wéinst ze vill Krankmeldungen - Den OGBL kritiséiert de Cactus

“Chasse aux malades”

|
headphones

1 min

Entloossunge wéinst ze vill Krankmeldungen - Den OGBL kritiséiert de Cactus

Den OGBL kritiséiert de Cactus, schwätzt vun enger "Chasse aux malades": An de leschte 5 Méint wieren 30 Salariéë vun de Supermarchéen entlooss ginn, well si sech ze vill dacks krank gemellt hätten, esou d'Pauline Meiresonne, Zentralsekretärin fir de Commerce.

headphones

1 min

OGBL Commerce | © OGBL
OGBL Commerce (Foto: OGBL )

Et géif sech ëm Leit handelen, déi manner wéi 5 Joer beim Cactus geschafft hätten. 

"Et donc du coup, les licenciés, ces personnes-là, ne coûtent pas d'argent à l 'employeur, pratiquement pas. Puisque quand on a moins de 5 ans d'ancienneté, on n'a pas droit à une indemnité de départ pour un licenciement avec préavis."

D'Pauline Meiresonne geheit dem Cactus vir, op dës Manéier wëllen ze spueren. Problemer an der Organisatioun, esou wéi de Cactus behaapt, géif et keng ginn.

An den nächsten Deeg gëtt en Trakt un d'Mataarbechter:inne verdeelt, mam Opruff sech géint déi "Juegd op Kranker" ze wieren.