Och déi nei Inscriptioune beim Aarbechtsamt si stabel bliwwen. 2.460 Residenten hunn sech am August nei ageschriwwen.
D'Zuel vun den Demandeurs d‘Emploi, déi Chômage kréien, ass iwwerdeems zréckgaangen, ëm véier an een hallwe Prozent, an och Leit, déi an enger Beschäftegungsmesure dra sinn, war am August liicht réckgängeg, am Verglach mam Joer virdrun. D‘Zuel vun de fräie Plazen, déi bei der Adem deklaréiert ginn, ass och weider zréckgaangen.