arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ING confirméiert Verhandlunge fir Sozialplang fir 124 Leit

ING Luxembourg

|
headphones

2 min

ING confirméiert Verhandlunge fir Sozialplang fir 124 Leit

Et gëtt ee Sozialplang fir 124 Mataarbechter verhandelt, esou de Generaldirekter vun ING Luxembourg, de Michael Burch am 100,7-Interview. D’Bank wëllt weider 21.000 Konte vu Privatleit a vu klengen a mëttelgroussen Entreprisen zoumaachen.

headphones

2 min

Michael Burch, CEO ING Luxembourg | © ING Luxembourg
Michael Burch, CEO ING Luxembourg (Foto: ING Luxembourg)

D’Bank ING Luxembourg baut hir Aktivitéiten am sougenannte Retail Banking of. D’Zuel vun de Comptes-courante gëtt also staark reduzéiert.

Fir de Privatclienten vun der ING ze hëllefen eng nei Bank ze fannen, gouf mat der Bank BGL BNP Paribas een Accord fonnt fir den Transfert vun de Konten.

2024 hat et een éischte Schrack ginn, wéi d’ING hire Clientë mat manner ewéi 50.000 Euro um Bankkonto gekënnegt hat. Eng Partie nëmme wier bei d’BGL BNP Paribas gewiesselt. Betraff sinn elo och 4.000 kleng a mëttelgrouss Betriber. Fir déi gouf et nach keen Accord fir een Transfert vun hire Konten.

Wat awer geschitt mat de lafende Prêten? Dozou de Generaldirekter vun ING Luxembourg, Michael Burch.

“Pour les crédits, les hypothèques, etc., là on reste sur notre promesse qu'on va servir ces clients jusqu'à la fin des contrats. (...) Ils peuvent continuer de rester clients ING jusqu'à la termination.”

124 Plaze bei ING Luxembourg sollen ofgebaut ginn

Den Ofbau vun den Aktivitéiten huet een Impakt op d’Personal. Vun aktuell 944 Beschäftegte géifen 124 Plazen ofgebaut ginn.

Zesumme mat der Delegatioun soll probéiert ginn, déi Zuel erofzedrécken. Ënnert anerem kéint een och intern Léisunge fannen.

Dat gouf bannent deem leschte Joer och scho gemaach, huet de Generaldirekter Michael Burch preziséiert.

Ce qu'on a fait les derniers douze mois, on s'est vraiment focalisé sur les impacts potentiels, c'est-à-dire on a mis en place des différentes mesures pour nos salariés, c'est-à-dire on a fait beaucoup sur la mobilité, sur l'entraînement. On a tous les positions qui se sont ouvertes. C'était quatre semaines à l'intérieur avant qu'on est allé chercher dans le marché. Et c'est avec des mesures pareilles que ça nous permet vraiment de réduire l'impact.”

D’ING behält zwee Gebaier, dat vis-à-vis vun der Stater Gare an dat zu Stroossen.

RTL hat den 9. September gemellt, datt bei ING 124 Leit iwwer ee Sozialplang sollen entlooss ginn. D’Bankegewerkschaft ALEBA hat déi Zuel confirméiert. D’Bank ING hat d’lescht Woch d’Informatiounen zu de Licenciementer nach net confirméiert.