Radioen

On air

Notturno  |  U.S. Girls - Futures Bet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuergesch Uertschaftsnimm op de Garen uechter d'Land

Panneauen op de Quaien

Lëtzebuergesch Uertschaftsnimm op de Garen uechter d'Land

Fir d’Lëtzebuerger Sprooch am ëffentleche Raum méi visibel ze maachen, wäerten an Zukunft niewent de franséischen Uertschaftsnimm och déi Lëtzebuergesch op de Gare uechtert Land ze liese sinn. Dëst huet de Kulturministère an den Transportministère zesumme mat der CFL um Freideg zu Esch op Gare der Press matgedeelt.

auto_stories

2 min

© MinCult
(Foto: MinCult)

Op der Escher Gare ass gëschter um Freideg och direkt den éischten zweesproochege Panneau presentéiert ginn. Bis Enn 2026 sollen déi ronn 280 Panneauen op den 68 Garë vun der Lëtzebuerger Eisebunn hei am Land an dem Stil ersat ginn.

Dialekter gi respektéiert

Puer Uertschaftsnimm wäerten da souguer am Dialekt affichéiert ginn, wei den Henri Werdel Directeur Investissements Infrastrukture vun der CFL erkläert.

"Ee Beispill ass da Klierf - Cliärref, oder een anert Beispill wier Wolz - Wooltz. Där hu mir am ganze 6 fonnt an eise Statiounen, wou et ubruecht ass, fir dann och d'Uertschaft, wa mir se schonn op Lëtzebuergesch ëmbenennen, awer esou ze benennen, wéi déi Leit ze nennen, déi do wunnen."

Lauschterenplay_arrow

Am Generelle wier d’Zil vun dëser Aktioun, de Stellewäert vun der d'Lëtzebuerger Sprooch ervirzehiewen. D’Sprooch méi no bei d’Leit ze bréngen an och déi multilingual Kultur vu Lëtzebuerg ze ënnersträichen. Dëst huet de Kulturminister Eric Thill betount an drop verwisen, datt weider Projete fir d’Lëtzebuerger Sprooch méi visibel ze maachen um Findel an och mat Pont et Chaussée ugeduecht sinn.