Et ass den nächste Schrëtt an engem Feuilleton, deen am September mat engem éischten, geheime Vott vum Gemengerot ugefaangen hat. Deen hat majoritär decidéiert, net méi um Fusiounsprozess deelzehuelen. Déi Ofstëmmung hätt awer net däerfe geheim sinn, soudatt se vum Inneministère annuléiert gouf an am Oktober hat misse widderholl ginn.
Et blouf beim selwechte Resultat, mee nodeems eng Biergerinitiativ bal 600 Ënnerschrëften zesumme krut fir e Referendum, ass deen haut. Mam Resultater gëtt géint 16 Auer de Mëtte gerechent.