Och anere Stied an anere Gemengen am Land wäert et zukünfteg sou ergoen. Zënter leschtem Joer ass nämlech een neit Offallgesetz a Kraaft, dat d’Leit dozou encouragéiere soll, hiren Offall besser ze trennen, an es generell manner ze produzéieren.
Individuell Verrechnung ka bis zu hallef esou vill Offall féieren
D'Offallgesetz gesäit zënter 2024 fir, datt d'Gemengen zu Lëtzebuerg op d'mannst eng vun den Dreckskëschten op dat individuellt Eidelmaache verrechnen. Konkret heescht dat: Wat ee méi Offall produzéiert, wat ee méi bezilt, an dat an Zukunft iwwerall uechter d'Land.
Déi meeschte Gemengen hu sech dobäi - wéi rezent och Jonglënster - fir eng individuell Verrechnung vun der schwaarzer Dreckskëscht entscheet. An dat huet e ganz positiven Effekt op d'Quantitéit vun net recycléierbarem Reschtoffall, erkläert den Direkter vum SIGRE (Syndicat Intercommunal pour la gestion des déchets ménagers, encombrants et assimilés en provenance des communes de la région de Grevenmacher, Remich et Echternach) Serge Less.
“Bei Gemengen, déi weien, ass dat praktesch 52,1 Prozent manner, wéi lo Gemengen, déi just den Ident hunn. Déi Effekter gesäit ee ganz kloer am Kader vun der Hausmüllanalys, déi d’Ëmweltverwaltung all puer Joer maache léisst.”
Déi individuell Verrechnung féiert deemno dozou, datt deelweis bis zu hallef esou vill Reschtoffall entsteet. Virun allem well d'Leit besser oppassen, wat a wéi eng Dreckskëscht gehéiert.
D'Kollekte sinn alleguerten Index-gebonnen
Dat confirméiert och ee Spriecher vum SIDEC, dee fir d'Offallgestioun am Norden zoustänneg ass. Méi Recycelen, manner Reschtoffall: Dat ass d'Zil. An dofir ass et och gewollt, datt d'Entsuerge vum Reschtoffall méi deier gëtt. Et gëtt awer nach aner Grënn, wisou d'Tariffer fir d'Offallentsuergung mat der Zäit an d'Luucht ginn, preziséiert de Serge Less vum SIGRE.
“Déi ganz Offallwirtschaft ass relativ energieintensiv. Mir hu jo och hei op onser Anlag relativ vill Pompele lafe fir Waasser ze pompelen an onser Kläranlag, an ech mengen, dat sinn Energiekäschten, déi extreem an d’Luucht gaange sinn. An dann alles wat sou Kollekten ubelaangt, dat leeft bei ons iwwer Soumissiounen. An déi Kollekte sinn alleguerten Index-gebonnen. Dat heescht, allkéiers wann eng Indextranche kënnt, ginn natierlech déi Präisser an d’Luucht.”
Doriwwer eraus kënnen d'Gemengen hir Tariffer am Kader vun der Autonomie communale un hire Besoin upassen. Nieft de Servicer, déi mat den Offall-Syndikater wéi dem SIGRE ausgehandelt ginn, bidde verschidde Gemengen nämlech zousätzlech Servicer un, esou de Serge Less.
“Ech soe lo mol d’Gemeng Jonglënster, déi hu jo hire fixe Recycling-Center bei sech. Do si Käschten, déi mat erafléissen an déi Taxe communale, an da sinn anerer, déi hunn nach eppes, dat ass mobil, dat ass net ëmmer fix do. Sou datt do d’Käschtestruktur ganz heterogen ass. Wéi gesot: Et sinn d’Gemengen, déi dat festleeën, dat ass d'Autonomie communale.”
Nach vill Potential no uewen
Zu Schëffleng war de Bedreiwer vu Minett-Kompost rezent opgefall, datt vill Saachen an der Bio-Dreckskëscht gelant sinn, déi näischt do verluer hunn. Dat sot e Spriecher am Wort Interview. E generellt Phänomen schéngt dat dem SIGRE no awer net ze sinn. Et géing awer trotzdeem nach Sputt no uewe ginn, wat den Triage vum Reschtoffall ubelaangt, confirméiert de Serge Less.
“Deen anere Punkt aus der Hausmüll-Analys, deen ee ganz kloer gesäit, dat ass datt an der schwaarzer Poubelle awer vill Saachen nach dra sinn, déi kënne recycléiert ginn. Dat si 16 Prozent Plastikoffäll, 28 Prozent fir de Biomüll a Pabeier a Kartong, déi lo nach gemëscht sinn an der schwaarzer Poubelle. Wann ech eleng déi 3 Kategorien zesummerechnen, kommen ech op 62 Prozent, wat an der schwaarzer Poubelle ass, wat net misst dohi gehéieren.”
Iwwerdeems erënnert den Direkter vum SIGRE dorun, datt een, wann ee seng Offäll uerdentlech sortéiert, d'Chance vergréissert, datt een Deel dovu ka recycléiert ginn. All Ressource, déi ee kéint zeréck an de Kreeslaf bréngen, wier eng Matière première manner, déi ee muss aus der Natur huelen.