Radioen

On air

9 bis 1  |  Mereba - Ever Needed

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Visupol: zu Bouneweg wäerten 67 Kameraen installéiert ginn

Conseil communal VDL

Visupol: zu Bouneweg wäerten 67 Kameraen installéiert ginn

De Kamera-Iwwerwaachungssystem VISUPOL soll elo och op Bouneweeg ausgeweit ginn. De Budget vun iwwer 2 Milliounen Euro ass gëscht um Méindeg am Gemengerot ugeholl ginn. Eng 67 Kamerae wäerten am ieweschten Deel vu Bouneweeg opgehaange ginn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Bigstock / Eric Z play_arrow
(Foto: Bigstock / Eric Z)

Bis ewell gëtt et de VISUPOL-Reseau ënner anerem schonn um Lampertsbierg, op der Gare an um Kierchbierg. Weider wéilt an enger nächster Phas de Reseau um Verluerekascht zu Bouneweg ausbauen. De Vote vum Avis a vum Budget ass virun allem vun de Majoritéitsparteie gedroe ginn. Déi Lénk hunn dogéint gestëmmt. LSAP an Déi Gréng hu sech enthalen. 

Kamera-Iwwerwaachung trotz Dateschutz? 

Am Gemengerot um Méindeg waren d'Theme wéi Dateschutz, Symptom-Bekämpfung a profilage racial hu fir Zweifel gesuergt. 

Den ADR-Deputéierten Tom Weidig huet den Avis esou wéi de Budget zwar matgestëmmt. Fir hie géif awer och d'Gefor bestoen, datt Lëtzebuerg duerch esou eng Infrastruktur an Zukunft zu engem Iwwerwaachungsstaat gëtt.

Fir de François Benoy vun Déi Gréng misst ee sech bewosst sinn, datt dëst zu engem Spannungsverhältnis tëscht der Sécherheet an der Privatsphär géif féieren. Weider hätten d’Kamerae gréisstendeels nëmmen e retrospektiven Notzen. Iwwert d'Kameraen, déi bis ewell do houngen, hätt ee just 7 mol wärend engem Delikt eppes kenne bewierken, seet de Francois Benoy. 

"Dat huet sech an de leschte Joren och net wierklech geännert, wéi och aus der Diskussioun respektiv dem Rapport vun dem Comité de prévention ervirgeet, wou gesot gëtt, dass VISUPOL just a 4 % benotzt gëtt, fir eeben in flagranti virzegoen an a 96 % fir d'Opklärungsaarbecht ze maachen."

D’DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet dat Argument awer net gëlle gelooss. Si huet op d'Wichtegkeet vun Iwwerwaachungskameraen an engem rezente Fall higewisen:

"Et sinn nach keng dräi Wochen hir, datt net esou wäit ewech vun hei, a Frankräich, e jonkt Meedche vun 11 Joer vun der Schoul heemgaangen ass an den Dag drop dout erëmfonnt ginn ass. Op dem Wee an engem Park. Wéi hu se zwee Deeg drop dee jonke Mënsch, deen dat Kand dout gemaach huet, fonnt? Iwwert d'Videosurveillance."

Risk vu profilage raciale duerch Kameraen

Den David Wagner vun Déi Lénk huet sech iwwerdeems géint den Iwwerwaachungssystem ausgeschwat. Et wier beonrouegend, datt een net wéisst a wéi eng Richtung dat Ganzt géif goen. Wann ee KI zukünfteg géif a Betruecht zéien, wier e Risk vum profilage raciale erhéicht. Also d'Feelverhaftung a Verdächtegung opgrond vun der Ethnizitéit.

Vu verschiddene Spriecher ass iwwerdeems kritiséiert ginn, datt een de Reseau géif ausbauen ouni genau ze wëssen, wéi nëtzlech et bis elo iwwerhaapt war an der Kriminalitéits-Bekämpfung.

Lauschterenplay_arrow